Dagesoflaf an Hobby: Salsa (A2) episode artwork

EPISODE · May 9, 2024 · 3 MIN

Dagesoflaf an Hobby: Salsa (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer säin Hobby, Salsa danzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Dagesoflaf vun engem Doktorand Ech stinn normalerweis moies géint sechs Auer op. Ech drénke séier e Kaffi, maache mech fäerdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi véier Mol d’Woch um siwen Auer moies an e Lëtzebuergeschcours. De Cours ass um aacht Auer eriwwer. Dann huelen ech den Tram a fueren op d’Uni. Heiansdo huelen ech och e Vëlo. Moies halen ech oft Virliesungen oder Seminairen. Géint zwielef ginn ech an d’Kantin vun der Uni oder ech brénge mir eppes vun doheem mat. Nomëttes schaffen ech meeschtens an der Bibliothéik. Ech liesen Artikelen a schaffen u mengem Fuerschungsprojet. Heiansdo treffen ech mech och mat mengem Proff, fir iwwer mäi Progrès ze schwätzen an e puer Rotschléi ze kréien. Oft muss ech och Aarbechte vun anere Studente verbesseren. Um sechs Auer fueren ech normalerweis erëm heem. Dann hunn ech endlech e bësse Fräizäit: ech gi spadséieren, maache Sport oder treffe mech mat Frënn. Owes schaffen ech awer och nach e bëssen u menger Thees oder léiere fir mäi Lëtzebuergeschcours. Heiansdo kucken ech duerno nach e Film oder eng Serie, oder ech liesen e Buch. Ech gi spéitstens um zéng Auer schlofen, fir erëm fit fir den nächsten Dag ze sinn.  --- Hobby: Salsa Ech gi säit zwee Joer an en Danzcours, an zwar, an d’Salsa. Et gëtt verschidden Zorte vu Salsa, wéi zum Beispill déi puerto-ricanesch Salsa an déi kubanesch Salsa. Ech danzen déi kubanesch Salsa.   Eemol d’Woch ginn ech a mäi Cours, an deem ech déi verschidde Schrëtt léieren. Weekends ginn oft verschidden Danzowenter organiséiert, wou ech dann dat, wat ech geléiert hunn, nach e bëssen trainéiere kann.   Wat ech wierklech cool fannen, ass, dass ee keng speziell Kleeder oder Schong brauch, fir kubanesch Salsa ze danzen. Et brauch ee just e bësse Motivatioun a lass geet et.   Am Cours léieren ech net nëmmen danzen, mee ech léieren och dat eent oder dat anert spuenescht Wuert. Virun allem hunn ech interessant Leit kenne geléiert. De Cours gëtt an enger Brasserie organiséiert an do kann ee virum oder nom Cours eppes drénken a mat de Leit schwätzen. Heiansdo iessen ech och eppes an der Brasserie, well et kritt ee ganz lecker kubanesch Spezialitéiten. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published May 9, 2024

Embed this episode

Ready to play

Dagesoflaf an Hobby: Salsa (A2)

0:00 3:20

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 9, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!