D'Alphabet (A1)

EPISODE · Sep 26, 2024 · 4 MIN

D'Alphabet (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt. --- Transkript D'Alphabet op Lëtzebuergesch D’Alphabet op Lëtzebuergesch  A wéi Adress  B wéi Bus  C wéi Computer  D wéi Dokter  E wéi Elteren  F wéi Famill  G wéi Gebuertsdag  H wéi Handysnummer  I wéi Informatiker  J wéi Joreszäit  K wéi Kaffi  L wéi Lëtzebuerg  M wéi Meedchen  N wéi Noper  O wéi Owend  P wéi Proff  Q wéi Quetsch  R wéi Restaurant  S wéi Samschdeg  T wéi Telefon  U wéi Universitéit  V wéi Virnumm  W wéi Woch  X wéi Xylophon  Y wéi Yoga  Z wéi Zuch    Elo héiere mir dräi kuerz Dialoger.  Am Cours vum INLL  Apprenant : Gudde Moien, ech sinn am A1-Lëtzebuergesch-Cours.  Proff : Jo, wéi ass Ären Numm, wgl. ?  Apprenant : Sachinoli Ortega.  Proff : Kënnt Dir Äre Virnumm buschtawéieren, wgl. ?  Apprenant : Jo, natierlech. S-A-C-H-I-N-O-L-I.  Proff : A jo, ären Numm ass hei op der Lëscht. Wëllkomm !    Am Cours  Yarina : Moien, wéi heeschs du ?  Kevin : Ech heesche Kevin. An du?  Yarina : Mäin Numm ass Yarina.  Kevin : Wéi schreift een dat ?   Yarina : Y-A-R-I-N-A.    E Rendez-vous beim Dokter  Patient : Gudde Moien, ech brauch e Rendez-vous beim Dokter Thill.  Rezeptionnistin : Wéi ass Ären Numm, wgl. ?  Patient : Marcel Landewyck   Rezeptionnistin : Kënnt Dir dat buschtawéieren, wgl. ?  Patient : Jo. M-A-R-C-E-L, Landewyck L-A-N-D-E-W-Y-C-K    Rezeptionnistin : An der Rei. E Moment, wgl… 

NOW PLAYING

D'Alphabet (A1)

0:00 4:15

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!