De Marathon zu Lëtzebuerg (A2) episode artwork

EPISODE · May 28, 2025 · 3 MIN

De Marathon zu Lëtzebuerg (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:De Marathon zu Lëtzebuerg A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ? B : Nee, nach net. Firwat ? A : Ech lafe mat e puer Frënn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon. B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken. A: Da gëtt et Zäit! Et ass e risegt Lafevenement hei zu Lëtzebuerg, dat gréisst aus dem Land. Et komme Leit aus der ganzer Welt fir matzelafen, an natierlech lafen och vill ambitionnéiert Hobbyleefer vu Lëtzebuerg mat. D’Ambiance an der Stad ass einfach super! B: Kléngt cool! Also ass et net just e Sportsevenement, mee éischter eng grouss Party? A: Jo, dat kann ee scho soen. D’Stad ass voll mat Leit, déi déi verschidde Leefer ufeieren. De Laf fänkt um Kierchbierg un a geet dann op de Lampertsbierg an duerch d’Stad. De Marathon geet och iwwer Märel an op d’Gare, mee herno kënnt jiddereen erëm um Kierchbierg un. B: Dat ass awer keng einfach Streck! A: Nee, virun allem de Schluss geet zimmlech biergop. Ech hoffen, ech packen dat, mee ech hu gutt trainéiert. B: Firwat deet ee sech dann esou eppes un? A: Ech sinn d’lescht Joer fir d’éischt mat e puer Frënn an d’Stad kucke komm an ech hunn déi Atmosphär einfach immens fonnt. E puer Méint duerno, hunn ech mech du fir eng éischt Course ugemellt, bei där ech 10 Kilometer gelaf sinn an dat ass awer relativ gutt gaangen. B: Wéi laang trainéiers du dann elo fir de Semi-Marathon? A: Ech hu mech am Ufank vum Joer ugemellt a lafen elo zënter zwee Méint méi konsequent, dat heescht 3 Mol d’Woch. An all Woch e puer Kilometer méi. Ech hoffen, dass ech et an zwou Stonne packen! B: Bestëmmt! Vläicht kann ech dech jo och ufeiere kommen. Wéi kommen ech dann e Samschdeg am beschten an d’Stad? Fueren d’Busser? A: Hmm, du muss e bëssen oppassen. Vill Stroosse si wéinst dem Laf gespaart an e puer Busser fueren en anere Wee. Kuck am beschten um Internet, do fënns du bestëmmt all d’Informatiounen.  B: An der Rei. Villäicht kommen ech einfach mam Vëlo. Gitt dir dann duerno och nach eraus? A: Kloer! Et ginn iwwerall After-Partyen: an der Uewerstad, am Gronn, an esouguer um Glacis. Ech wäert zwar midd sinn, mee fir ee Béier misst et nach duergoen. B: Haha, dat wëll ech gesinn. Gutt, ech sinn dobäi: fir iech unzefeieren, a fir d’After-Party duerno. A: Flott, dat freet mech! Villäicht kanns du jo och e Schëld mat engem coole Sproch maachen. B: Jo, dat ass eng Iddi. Vläicht fält mir jo eppes Kreatives an. Ech iwwerleeë mir mol eppes!  

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published May 28, 2025

Embed this episode

Ready to play

De Marathon zu Lëtzebuerg (A2)

0:00 3:44

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 28, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!