De Stot maachen (A2) episode artwork

EPISODE · Apr 23, 2024 · 3 MIN

De Stot maachen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot. Vill Spaass beim Nolauschteren! - - - Transkript: Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen? Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och eleng ëm de Stot. Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat dräi anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot. Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesäit ? Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mäi Bett. Dann drénken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo méi oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gär an oft! Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG? Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gëtt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. Dës Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’Dreckskëscht eidel ze maachen a mech ëm de Recycling ze këmmeren. Déi aner dräi Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’Buedzëmmer an d’separat Toilette botzen. Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer? Max: Jo! Strecken, wäschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an. Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot? Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wéineg Zäit fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng Wäschmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng Wäscherei goen. Do stinn néng Wäschmaschinnen an et kascht siwen Euro pro Wäsch. Dat nervt. Moderatorin: Jo, dat ass ëmständlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ? Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an där mir iwwer all Problemer schwätze kënnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erënneren, virun allem, wann et ëm d’Botze geet ! (laacht) Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech Zäit geholl huet, mat eis iwwer är Erfarungen am Stot ze schwätzen. Max a Lisa: Gär geschitt!

NOW PLAYING

De Stot maachen (A2)

0:00 3:39

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 23, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot. Vill Spaass beim Nolauschteren! - - - Transkript: Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!