De Wanter a Wanterpneuen (A2)

EPISODE · Dec 19, 2024 · 5 MIN

De Wanter a Wanterpneuen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen. - Transkript: De Wanter Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit et leider net méi vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlitt fuere goen. Eng aner Aktivitéit, déi mer am Wanter maache kënnen, ass Schlittschong fueren. D’Leit ginn dofir oft op d’Kockelscheier. Do kann ee Schlittschong ausléinen an et ausprobéieren. Wann ee léiwer eppes méi Gemittleches maache wëll, da kann een op de Chrëschtmaart goen an eppes Leckeres iessen an drénken. Um Chrëschtmaart kann ee Glüwäin drénken, dann ass et engem direkt manner kal an et kann een zum Beispill Gromperekichelcher, verschidde Wurschten, Tartifletten, Eisekuchen an nach aner Saachen iessen. A wa mer schonn iwwert d’Iesse schwätzen, da kënne mer och soen, dass am Wanter vill Raclette giess gëtt. Et gëtt ee bei Kolleegen invitéiert, oder et invitéiert ee selwer Leit bei sech. Fir Leit, déi net gär kachen ass dat perfekt, well et muss ee just den Apparat umaachen a fir de Rescht zerwéiert jidderee sech selwer.  Mmmm, elo hunn ech zwar Loscht op eng Raclette! Diskussioun Wanterpneuen A: So, mengs du net, du misst mëttlerweil deng Wanterpneuen op den Auto montéiere loossen?  B: Nee, firwat dann dat? D’Wieder ass jo nach an der Rei.  A: Elo nach! An e puer Deeg soll et schneien an du wëlls jo net mat denge Summerpneuen am Schnéi fueren.  B: Ech kucken als éischt emol, ob et iwwerhaapt Schnéi gëtt an dann decidéieren ech dat.  A: Maach wéi s de wëlls, mee du weess jo, wann s du vun der Police ugehale gëss, da muss du 74€ bezuelen an du muss däin Auto op der Plaz stoe loossen.  An du sos dach, du fiers de Weekend fort, nee?  B: O nee... Ech muss dir eppes beichten... Ech mengen ech hunn iwwerhaapt keng Wanterpneuen.   A: Wat?! Hues du se nach all? Dat ass jo extreem geféierlech.  B: Et deet mer leed. Ech hunn den Auto jo eréischt kaf an hunn net dru geduecht, dass ech och nach nei Pneue misst kafen. Ech weess emol net, wat fir Pneuen ech um Auto hunn.  A: O mei! Dat ass wierklech typesch! Da komm mir gi mol kucken.  A: Mäin Auto ass mega schéin, oder? An déi Faarf passt och voll bei mech.  B: Jo, jo, Haaptsaach d’Faarf passt. Da looss mech elo mol deng Pneue kucken.   A: Ça va.  B: Uff! Du hues Allweatherpneuen dat ass jo nach an der Rei.  A: Wou gesäit een dat iwwerhaapt?  B: Kuck. Hei steet M+S, dat steet fir “mud and snow”, also Bulli oder Mätsch a Schnéi, an dat ass d’Zeeche fir d’Allweatherpneuen.  B: A wéi erkennen ech déi aner Pneuen?  A: Bei de Wanterpneue steet och M+S drop, mee et ass och nach e Symbol mat engem Bierg an enger Schnéiflack dran, direkt niewendrun.  B: Aha! A wat fir en Zeeche gesinn ech bei de Summerpneuen?  A: Dofir gëtt et keen Zeechen. Dat heescht, wa guer keen Zeechen drop ass an och net M+S drop steet, da sinn et Summerpneuen.  B: Dat ass alles sou komplizéiert. Ab wéini muss ech d’Wanterpneuen um Auto hunn?  A: Et gëtt kee richtegen Datum, mee du muss der bei Schnéi a bei Glatäis drop hunn.  B: Ok, da sinn ech jo lo gutt informéiert. 

NOW PLAYING

De Wanter a Wanterpneuen (A2)

0:00 5:35

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!