D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1) episode artwork

EPISODE · Oct 10, 2024 · 5 MIN

D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript D'Ëffnungszäiten an der Stad Iwwer Ëffnungszäite schwätzen (A2)    Luc: Salut Melanie, hues du de Weekend schonn eppes vir?  Melanie: Hey ! Nee, nach net wierklech. Ech muss e puer Kommissioune maachen, mee ech weess net genee, wéini d’Butteker an der Stad op sinn. Kanns du mir hëllefen?  Luc: Jo, dat hänkt dovun of. D’Supermarchéë si samschdes normalerweis bis 20 Auer op, mee sonndes sinn déi meescht just bis mëttes op. Wat brauchs du da genee?  Melanie: Ech muss an d’Bibliothéik, op d’Post a vläicht op d’Gemeng. Mee ech kennen d’Ëffnungszäiten net.  Luc: Also, d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg ass samschdes vun 10 Auer moies bis 18 Auer owes op. D’Post um Hamilius mécht um 9 Auer op an um 18 Auer zou. Sonndes sinn d’Bibliothéik an d’Post zou.  Melanie: O, dat ass jo praktesch, da kann ech e Samschdeg de Moien an d’Bibliothéik an nomëttes nach op d’Post. A wéi ass de Bierger-Center op?  Luc: De Bierger-Center ass de ganze Weekend zou. En ass just vu méindes bis freides op, vun 8 Auer moies bis 17 Auer nomëttes. Ech war viru kuerzem do, dofir weess ech dat nach.  Melanie: Hm, da muss ech wuel wärend der Woch meng nei Carte d’identité siche goen. Mee da kann ech samschdes nomëttes nach e bëssen an der Stad shoppe goen.  Luc: Jo, dat ass kee Problem, déi meescht Kleeder- a Schongbutteker si bis owes 19 Auer op.   Melanie: Cool! Bass du Weekend och an der Stad?  Luc: Jo, ech ginn e Samschdeg den Owend mat e puer Frënn eng Pizza iessen. Hues du Loscht matzekommen?  Melanie: Ganz gär! Wéini a wou trefft dir iech?  Luc: Mir huelen um 19:30 de Lift fir an de Gronn. Wann s du wëlls, kënne mir eis um 19 :15 um Tram-Arrêt Hamilius treffen.  Melanie: Tipptopp! Dat geet. Bis e Samschdeg!  Luc: Bis e Samschdeg!    Formell an informell    Lucy: Hallo Marc, wéi geet et dir?  Marc: Gutt a wéi geet et dir?  Lucy: Et geet! Ech sinn e bësse midd. So, ech hunn eng Fro! Ech hunn eng Frëndin, dat am INLL en A1 Cours mécht an hatt huet mech gefrot, wat genau den Ënnerscheed tëschent formell an informell ass. Hatt kënnt aus Schweden an do duze si sech all.  Marc: A sou? Dat ass awer komesch.  Lucy: Jo, ech fannen och. Kanns du dat wannechgelift erklären? Marc: Natierlech. Esou funktionéiert d’Héiflechkeetsform, also déi formell Form:  Wa mir mat enger Persoun, déi mir net kennen, schwätzen, soe mir Dir. Zum Beispill: Moie Madamm, wéi heescht Dir? Oder: Här Minister, wou wunnt Dir? Mir schreiwen Dir mat engem groussen D. Oppassen! Mir soen awer “Wéi geet et Iech?”  Wa mir iwwert eng Madamm schwätzen, déi mir net kennen an/oder déi méi al ass wéi mir, soe mir si. Zum Beispill: D’Grand-Duchesse: Si huet ganz schéi Kleeder. Oder Meng Mamm: Si schwätzt Chineesesch.  An esou funktionéiert déi informell Form:  Wa mir mat enger Persoun, déi mir gutt kenne schwätzen, soe mir du. Zum Beispill: Wéi heeschs du? Oder Wou wunns du? Oppassen! Mir soen awer “Wéi geet et dir?”  Wa mir iwwert e Mann oder eng Fra schwätzen, déi mir gutt kennen, an/oder déi méi jonk oder genau esou al ass wéi mir, soe mir hatt oder hien. Zum Beispill: Eng Frëndin: Hatt huet ganz schéi Kleeder. Oder: Mäi Brudder: Hie schwätzt Japanesch.  Ech hoffen, ech konnt dir e bëssen hëllefen.  Lucy: Kloer! Ech soe menger Frëndin, datt et de Podcast lauschtere soll an datt et do méi Erklärungen dozou kritt.  Marc: Super! Du méchs och nach Reklamm fir eis! 

NOW PLAYING

D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1)

0:00 5:28

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 10, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form. Vill Spaass beim...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!