Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch episode artwork

EPISODE · Sep 26, 2025 · 7 MIN

Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut ass de 26. September, den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Lëtzebuerg war wéinst senger geografescher Lag, schonn ëmmer méisproocheg, well d’Land vun däitschsproochegen a franséischsproochege Gebidder ëmginn ass a schonn ëmmer war. D’Sproochesituatioun ass och d’Resultat vun der komplexer Geschicht, déi den Territoire erlieft huet. Schonn d’Kanner léieren an der Primärschoul Däitsch a Franséisch a spéider am Lycée nach Englesch. D’Nationalsprooch vu Lëtzebuerg ass säit dem Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 Lëtzebuergesch. Lëtzebuerg huet dräi administrativ Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Virun 1984 ware just Däitsch a Franséisch offiziell Sproochen, och, wa Lëtzebuergesch zënter Joerhonnerte geschwat gëtt. Lëtzebuergesch ass aus engem muselfränkeschen Dialekt entstan an huet sech bannent de Grenze vum Land, weiderentwéckelt.  Wéi Lëtzebuerg 1815 um Wiener Kongress d’Grenze vun haut krut an zum Groussherzogtum ernannt gouf, gouf Lëtzebuergesch nach “onsen Dialekt” oder “Lëtzebuerger Däitsch” genannt. D’Sprooch an och d’Wichtegkeet vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joerzéngten eng grouss Entwécklung gemaach. Däitsch war wärend Joerhonnerten d’Sprooch, an där geschriwwe gouf, a Franséisch war d’Sprooch vun de Verwaltungen a vun der Justiz. Hautdesdaags ginn, zum Beispill d’Gesetzer nach op Franséisch geschriwwen, mee d’Deputéiert schwätzen an der Chamber Lëtzebuergesch. An der Aarbechtswelt ass Franséisch déi wichtegst Kommunikatiounssprooch, virun allem am Commerce, Däitsch ass als administrativ Sprooch nach ëmmer wichteg a Lëtzebuergesch bleift d’Sprooch vun der lëtzebuergescher Identitéit, och wann de Wee, unerkannt ze ginn, laang war, mee vläicht och grad dowéinst. Eng weider Sprooch, déi vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, ass Portugisesch, an Englesch gëtt och duerch den Zouwuess vun Entreprisen aus dem engleschsproochege Raum méi a méi geschwat. Aner Sprooche sinn d’Sproochen aus dem Balkan, Italieenesch, Arabesch, Ukrainesch, asw. Enger Ëmfro no gëtt et zu Lëtzebuerg 52 Sprooche mat jee iwwer 100 Spriecherinnen a Spriecher. Elo lauschtere mir e puer Temoignagë vun Apprenanten aus dem INLL, déi eis erzielen, firwat si Lëtzebuergesch léieren. (Merci Simona, Dmitrii a Raphaella fir är Bäitreeg!)

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Sep 26, 2025

Embed this episode

Ready to play

Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch

0:00 7:24

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 7 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on September 26, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!