Dialog am Restaurant an op der Bank (A2) episode artwork

EPISODE · Feb 22, 2024 · 4 MIN

Dialog am Restaurant an op der Bank (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Restaurant Client & Cliente: Gudden Owend! Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift? Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se. Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren? Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck? Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift. Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm? Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien! Serveur: An eemol Spaghetti Carbonara… Gudde Choix! Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch! Serveur: Kee Problem, ech soen der Kiche Bescheed. A fir ze drénken? Client: Fir mech e Spruddelwaasser, wannechgelift. Serveur: E Spruddelwaasser… Kleng oder grouss? Client: Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder? Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift. Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp! Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. Client & Cliente: Merci!   Op der Bank  Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. Sinn ech hei richteg? Employée: Gudde Mëtteg! Jo, huelt iech Plaz, wannechgelift. Wësst Dir schonn, wat fir e Kont Dir gär opmaache géift? Client: Jo, ech denken, e ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer. Employée: An der Rei. Dofir bräicht ech e puer Dokumenter. Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi? Client: Jo, ee Moment … Hei ass se. Employée: Villmools Merci. Hutt dir och e Certificat de résidence? Client: Jo, natierlech. Hei ass en. Employée: Perfekt. Voilà, elo musse mer just nach e Formulaire ausfëllen. Wéi ass Ären Numm, wannechgelift? Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti. Employée: Wéi schreift een Äre Familljennumm? Client: M-A-R-C-H-E-T-T-I. Employée: Merci. Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer. Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34. Employée: Merci. Et dauert elo Moment, bis Äre Kont op ass. Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart? Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro hunn ech nach: hunn ech och Accès op den Online-Banking? Employée: Ech kann Iech dat fräischalten, wann Dir wëllt … Sou, et ass gemaach. Et kann awer e puer Deeg daueren, bis den Accès funktionéiert. Hutt Dir schonn en Token? Client: Jo, an ech hunn och d’App. Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App vun eiser Bank eroflueden, da kënnt dir ëmmer an iwwerall ganz einfach Accès op Äre Kont hunn an och ënnerwee Viremente maachen. Client: Dat ass praktesch, dat maachen ech. Merci fir Är Hëllef! Employée: Service. Nach e schéinen Dag! Client: Merci gläichfalls!

NOW PLAYING

Dialog am Restaurant an op der Bank (A2)

0:00 4:01

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on February 22, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Restaurant Client & Cliente: Gudden...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!