D'Schueberfouer (A2) episode artwork

EPISODE · Aug 21, 2024 · 3 MIN

D'Schueberfouer (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Schueberfouer. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lynn : So, Pit, ech hu gelies, datt d’Schueberfouer dës Woch ufänkt. Wat ass dat eigentlech ?  Pit : Jo, dat ass richteg ! D’Schueberfouer fänkt dëst Joer den 23. August un. Se ass all Summer vun Enn August bis Ufank September. Et ass eng riseg Kiermes hei an der Stad um Glacis, mat allerlee flotten Attraktiounen, Spiller an Iess- a Gedrénksstänn.  Lynn: Dat kléngt spannend! Wat kann een dann do alles maachen?  Pit: O, et gëtt esou vill! Et hänkt dovun of, wat dech interesséiert. Ech ginn zum Beispill ëmmer gär op eng Achterbunn oder eng Geeschterbunn a bei d’Schéissbuden. Mat mengem Neveu ginn ech oft op e Karussel fir Kanner oder fëschen. Hien ass nach ze kleng fir déi grouss Spiller.  Lynn: Cool! Gëtt et och traditionnelt Iessen?  Pit: Natierlech! D’Gromperekichelcher sinn e Muss. Dat ass eng Lëtzebuergesch Spezialitéit. Mee et kann een och gebakene Fësch, Eisekuchen, gebrannt Mandelen oder Uebst mat Schockela iessen. Et ginn och e puer Stänn, wou ee Béier oder aner Saachen drénke kann.  Lynn: Mmh, Gromperekichelcher hunn ech immens gär! Mee, so, ginn et dann och speziell Evenementer oder Spektakelen op der Schueberfouer?  Pit: Hmm, jo, de leschten Dag vun der Schueberfouer ass meeschtens e grousst Freedefeier. Et gëtt och de Bierger- an de Familljendag. Do sinn d’Spiller méi bëlleg. An dann ass den éischten Dag vun der Schueberfouer natierlech och nach den Hämmelsmarsch.  Lynn: Den Hämmelsmarsch? A wat ass dat dann?  Pit: Et ass en Ëmzuch mat Schof, wou eng traditionnel Musek gespillt gëtt. Hei, lauschter, dat kléngt esou: (Musek). Lynn:  A jo, dat hunn ech schonn emol héieren. Elo sinn ech wierklech gespaant! Hues de Loscht, eng Kéier zesumme mat mir op d’Schueberfouer ze goen?  Pit: Gär! Wéi wier et nächste Samschdeg? Mir kënnen eis nomëttes treffen an dann de ganzen Owend op der Fouer verbréngen.  Lynn : Perfekt ! Treffe mer eis um 16 Auer beim Riserad ?  Pit : Jo, dat geet. Tipptopp, ech freeë mech schonn! Bis dann!  Lynn: Ech mech och! Bis e Samschdeg! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Aug 21, 2024

Embed this episode

Ready to play

D'Schueberfouer (A2)

0:00 3:21

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on August 21, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!