E Filmowend (B1-B2)

EPISODE · Mar 5, 2026 · 4 MIN

E Filmowend (B1-B2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen.Vill Spaass!-Transkript:E FilmowendBob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott! Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes? Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes streamen. Babsi: Ech weess net, dat ass esou oniwwersiichtlech ginn. Bis de iwwerall gekuckt hues, wat et gëtt, ass den Owend schonn erëm an du hues nach näischt fonnt.  Bob: Jo, an europäesch Filmer sinn do rar. Ech fannen et jo ganz schlëmm, datt et struppevoll mat amerikanesche Filmer ass. Dat ass dach ëmmer dat selwecht! Babsi: Villäicht bei den neie Filmer. Wa se da méi Pärelen aus de 70er oder 80er Joren hätten, dat wier et der Wäert. Bob: A wa mer an d’Bibliothéik oder an d’Mediathéik vun der Stad ginn? Do kriss de dach vill! Babsi: Elo, de Sonndeg? Do huet dach alles zou, dat kanns de vergiessen. Bob: A meng DVD-Sammlung hu mer och schonn dräi Mol duerch, do gi mer net glécklech. Babsi: Gëtt et do net Streaming-Déngschter vun der Nationalbibliothéik? Ech mengen, do eppes héieren ze hunn. Bob: Ajo, effektiv, lo wou s de et sees. Do kann ee mol e Bléck drop geheien.  Et héiert een de Bob eppes um Laptop tippen. Bob: Hm, wat solle mer dann... o kuck mol hei: si hunn eng Fantasy-Februar-Sammlung! Babsi: Effektiv... O, wéi wier et mam Film “The Beastmaster”? Bob: Boah nee, deen ass mir ze laang.  Babsi: Dat si jo mol keng zwou Stonnen! Kuck hei, Hellboy! Deen ass zwar méi rezent, mä ech hunn deen ëmmer nach net gesinn. Bob: Wat heescht hei rezent, deen ass jo scho groussjäreg. Babsi: Egal wat... Bob: Ok ok, wéi wier et da mat engem richteg ale Film? The Bishop’s Wife, deen ass vu 1947.  Babsi: E Film iwwert e Paf, dee sech an en Engel verléift? Nee Merci! Bob: Dat kléngt dach ganz léif! Du hues et dach mat romantesche Geschichten. Babsi: Naja, mä dat kléngt mir e bëssen ze dréchen a steif. Du hues dach europäesch Filmer léiwer, solle mer dann no esou engem kucken? Bob: Zwar, ech gesinn hei e puer gutt italieenesch Klassiker! Suspiria a Phenomena zum Beispill. Babsi: Ëm wat geet et dann? Bob: Ma kuck, hei ass eng kuerz Beschreiwung... Babsi: Eng jonk Fra, déi mat Insekte schwätze kann an e Mord probéiert opzeklären? Do sinn ech dobäi. Bob: Da lass... ech maachen alt de Popcorn prett. Eis cinephil Koppel kuckt sech de Film un a verdréckt dobäi eng grouss Portioun Popcorn. Den Ofspann leeft grad. Bob: Also mir huet dat richteg gutt gefall. D’Mise en scène war nees ganz typesch fir dee Regisseur. Hie spillt ëmmer richteg flott mat de Kamerastellungen a Perspektive. Babsi: Jo, mä ech muss awer soen, datt dee Soundtrack e bësse komesch war. Scho bal ze rockeg fir dee Film, oder? Bob: Ech fannen, dat hieft dat ganzt nach op e ganz aneren Niveau. E bëssen trasheg eben. An d’schauspilleresch Leeschtung war e bëssen duerchwuess. Babsi: Dat läit villäicht och um Dréibuch an un den Dialoger. Ech froe mech, ob de Film sech am italieeneschen Original net anescht ufillt. Well den Haaptpersonnage wierkt ëmmer esou distanzéiert. Bob: Hatt ass iwwerhaapt e Komescht... an ech soen dat net nëmme, well et mat Insekte schwätze kann... Babsi: Ech mengen, dee Film wäert eis nach eng ganz Zäitchen am Gediechtnes bleiwen... Bob: Jo... a wat kucke mer muer? 

NOW PLAYING

E Filmowend (B1-B2)

0:00 4:28

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!