E Kaddo fir Mammendag (B1) episode artwork

EPISODE · Jun 6, 2024 · 3 MIN

E Kaddo fir Mammendag (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.  B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken!  A: Wat ass dat?  B: Majo, et gi Blummebutteker, do kanns du en Abonnement fir e Bouquet Blummen ofschléissen. Da kriss du all Woch oder ee Mol de Mount e Bouquet heemgeschéckt.  A: A wat ass, wann de Bouquet mir net gefält?  B: Keng Suerg, op der Internetsäit kann ee seng Preferenzen notéieren, wéi zum Beispill d’Zorte vun de Blummen an och d’Faarwen. Da kritt d’Mamma genee dat, wat hir gefält.  A: Immens flott! Komm, mir kucke mol online.  ...  B: Dat do Abonnement kléngt gutt…25 Euro de Mount. Wéi vill Méint solle mer maachen? Fir 200 Euro, also 100 Euro fir jiddereen?  A: Jo, da kritt se wärend 8 Méint e Bouquet. A wann hir dat gefält, da kënne mer  hir et nach eng Kéier fir hire Gebuertsdag schenken. Si huet an 8 Méint Gebuertsdag.  B: Tipptopp! Ok, wat solle mer hei schreiwen?  A: Fir d’éischt: de Bouquet ass fir eis Mamm, Alter 62.  B: Wat fir Blummen huet si gär? Tulpen...  A: Jo, si huet giel, rosa, orange a rout Tulpe gär...keng Rousen, déi fënnt se kitscheg.  B: Jo, a Margréidercher a Sonneblummen huet se gär.  A: An Orchideeën!  B: Si huet awer scho vill Orchideeëstäck doheem.  A: Ok, keng Orchideeën. Schreif nach Narzissen!  B: Wéi eng sinn dat nach méi?  A: Narzissen heeschen och nach “Ouschterblummen”.  B: A jo!   A: Si huet och nach Péngschtrouse gär.  B: Sees du “Péngschtrousen”? Ech soe “Päischtrousen”.  A: Dat ass egal, déi zwee si richteg.  B: Ok...  A: Mir fale keng aner Blumme méi an.  B: Mir och net. Notéier nach: “faarweg” a “waarm Faarwen”. Kee mof oder blo.  B: Am Fong sinn d’Blummenzorten egal, Haaptsaach de Bouquet huet waarm Faarwen, ass net kitscheg an d’Blumme si regional a saisonal.  A: Ass notéiert! 

NOW PLAYING

E Kaddo fir Mammendag (B1)

0:00 3:05

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 6, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!