E Rendez-vous ausmaachen (A2) episode artwork

EPISODE · Apr 9, 2024 · 2 MIN

E Rendez-vous ausmaachen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen. Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös. Fra: Solle mir zwee zesumme léieren? Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren. Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit? Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer? Fra: Géint 19:30 Auer. Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën. Fra: Hues du en Dënschdeg no der Aarbecht Zäit? Mann: Jo. Dat geet. Ech fänken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen. Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis? Mann: Solle mir an „d'Märeler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte Café am Park, zu Märel. Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café. Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen? Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op.  Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik? Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal? Mann: Dach. Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer.  Mann: Ganz gär. Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess däi Buch net!Mann: Ech probéieren. Allez... Äddi! Bis en Dënschdeg.

NOW PLAYING

E Rendez-vous ausmaachen (A2)

0:00 2:01

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 9, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen. Mann: Jo....

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!