E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2) episode artwork

EPISODE · Dec 10, 2024 · 3 MIN

E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen.  C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  N : Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech géif gär e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift.  C : Natierlech ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen?  N : Ech muss den Nowuess fierwen an d’Spëtzen e bësse schneiden.  C : An der Rei, wéini geet et Iech?  N : Am beschte muer de Moien.  C : Muer de Moien … Hmm, ech kucken … Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hätt just nach eppes fräi beim Nadine, um 11 :45.  N : Hmm, nee, dat ass e bësse spéit, an ech géif léiwer wéi ëmmer bei d’Jackie goen. Wéi wier et dann en Donneschdeg?  C : En Donneschdeg ass nach direkt um 8 :30 eppes fräi beim Jackie.  N : Hmm, dat ass fréi ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous.  C : Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8 :30.  N : Jo, Merci ! Bis en Donneschdeg.  Nathalie : Sou, den éischte Rendez-vous ass geholl. Uff ! An elo ruffen ech och direkt beim Kiné un, fir mäi Rendez-vous en Donneschdeg ze verréckelen. Dat gëtt soss e bëssen enk…  P : Praxis Kiné Miersch, gudde Moien.  N : Gudde Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech ruffen u wéinst engem Rendez-vous, deen ech leider verréckele muss.  P : Wéini ass Äre Rendez-vous ?  N : En Donneschdeg de Moien um 9 :30.  P : Ok, ech kucken … wéini géift dir da gär amplaz kommen ?  N : Eventuell en Donneschdeg Nomëtteg ? Wier do eppes fräi ?  P : Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hätt ech nach eppes.  N : Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss d’nächst Woch, direkt e Méindeg ?  P : E Méindeg hätt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer.  N : 14 Auer, dat passt.  P : An der Rei, dann änneren ech de Rendez-vous.  N : Villmools Merci ! Nach e schéinen Dag.  P : Merci gläichfalls.  Nathalie : Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organiséiert : De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de Kiné e Méindeg Nomëtteg. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Dec 10, 2024

Embed this episode

Ready to play

E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)

0:00 3:38

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on December 10, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!