EPISODE · Jul 8, 2026
Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles
from Kultur · host radio 100,7
De Mëtteg um fënnef Auer ass op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles Vernissage vun den 2 Fotoexpoen “La nature d’Edward Steichen” plus “Edward Steichen nei interpretéiert vun der Lisa Oppenheim”; dëst ë. a. a Presenz vun der Groussherzogin an eisem Kulturminister Eric Thill. An natierlech Lët’z Arles, d’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie engagéiert um Festival vertrëtt, an déi fir hire ronnen 10. Gebuertsdag dat Onméiglecht méiglech gemaach huet: d’Memberen hu Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Kollektiounen zesummebruecht, fir gemeinsam eng Steichen-Expo fir d’Rencontres op d’Been ze stellen. Eng Weltpremière! Wat den Edward Steichen fir de Festival bedeit, firwat eng Expo mat sengen Naturopnamen och besonnesch gutt bei den aktuellen Arles-Motto “Des mondes à relire” passt, ass d’Kerstin Thalau vum Rencontres-Direkter Christophe Wiesner gewuer ginn.
Embed this episode
NOW PLAYING
Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.