En Äddi an en Ausbléck episode artwork

EPISODE · Jul 14, 2026

En Äddi an en Ausbléck

from Kultur · host radio 100,7

“Äddi a Merci Claude Mangen”: Et war scho méi laang ugekënnegt a seng Nofollger sti mam Direkter Pit Ewen a mam Directeur Artistique Olivier Garofalo och well an de Startlächer, mee elo war et dann och offiziell esou wäit: Den Adieu vum Claude Mangen als Direkter vum Mierschter Theater. Wärend déi dräi Direkteren an der éischter Hallschent vum Owend nach en Ausbléck op déi nächst Saison ginn hunn, ass et beim zweeten Deel ëm d’Verabschidung gaangen. An dobäi gouf et deels och emotional. Net bei deenen Amenter, wou et ëm d’Weiderentwécklung vum Haus oder senger Programmatioun gaangen ass, mee bei deenen, wou et ëm d’Mënschen derhannert gaangen ass. No der Presentatioun huet sech de Luc Boentges mam Claude Mangen, deen eng laang Zäit och Programmchef um Radio 100,7 war, dem Pit Ewen – deen aktuell a bis zu sengem offiziellen Untrëtt am Mierscher Theater och de President vum Orchestre National de Jeunes ass - an dem Auteur an Dramaturg Olivier Garofalo zesummegesat.

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jul 14, 2026

Embed this episode

NOW PLAYING

En Äddi an en Ausbléck

0:00 0:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

Frequently Asked Questions

When was this Kultur episode published?

This episode was published on July 14, 2026.

Can I download this Kultur episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!