En Ausfluch an e Grillfest plangen (A2) episode artwork

EPISODE · Jul 11, 2024 · 5 MIN

En Ausfluch an e Grillfest plangen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs. Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch plangen, an duerno zwou Persounen, déi e Grillfest organiséiere wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: En Ausfluch plangen A : Moie Pit ! Hues de Loscht, de Weekend en Ausfluch ze maachen ?  B : Jo, dat kléngt flott ! Wuer wëlls de da fueren ?  A : Wéi wier et mam Mëllerdall ? Ech hunn héieren, do ass et schéin.  B: Mëllerdall? Do war ech nach net. Wat kann een dann do maachen?  A: Mir kënnen en Trëppeltour maachen an d’Fielse kucke goen. Et ginn och e puer kleng Waasserfäll a kleng schéi Brécken.  B: Flott! Wéi gëtt d’Wieder de Weekend?  A: E Samschdeg soll et sonneg a waarm ginn, ongeféier 25 Grad.  B: Perfekt! An e Sonndeg? A: E Sonndeg gëtt et e bësse méi kill, ongeféier 18 Grad, an et ass Ree gemellt.  B : Hmm, dann ass et besser, mir ginn e Samschdeg wanderen. Solle mer dann och op Beefort d’Schlass kucke goen? Dat ass do an der Géigend. A: Dat ass eng flott Iddi. Mee ech mengen, dat gëtt e bësse vill.   B: Jo, do hues du och Recht. Solle mir dann owes op Iechternach eppes iesse goen?  A: Wëlls de léiwer op den Iechternacher Séi oder an d’Stad selwer goen?  B: Mir ass dat egal. Mir kënnen dat jo spontan e Samschdeg kucken.   A : An der Rei. Solle mir eis e Samschdeg de Moien dann um 9 Auer op der Gare treffen ?  Do kënne mir de Bus bis an de Mëllerdall huelen.  B: Jo, dat geet. Super, ech freeë mech schonn!  A: Ech mech och! Bis e Samschdeg!  B: Bis dann!    E Grillfest plangen Anna : So Ben, solle mer de Weekend e Grillfest organiséieren? Et gëtt gutt Wieder, 28 Grad!  Ben: Ou jo, dat ass eng gutt Iddi! Wéini?  Anna: Wéi wier et e Samschdeg den Owend ? E Sonndeg fueren ech scho mat Frënn op de Stauséi.  Ben : Perfekt ! Ech hunn e Samschdeg Zäit. Mee da musse mir awer elo ufänke mat plangen.  Anna: Richteg. Also, fir d’éischt brauche mer Fleesch fir op de Grill. Wéi vill Leit solle mer invitéieren?  Ben: Hmm, de Pit, den Tom a seng nei Frëndin, d’Jessie, a vläicht d’Lisa an d’Marta.   Anna : Jo, dat kléngt gutt. D’Marta bréngt bestëmmt och säi Brudder mat, deen ass de Moment op Besuch. Da si mir zu aacht.   Ben : Ok. Da proposéieren ech, mir kafen aacht Grillwurschten a sechs Kotletten.  Anna: Pass awer op, den Tom an d’Jessie si Vegetarier. Mir brauchen och eppes fir si.  Ben: A jo, stëmmt. Wat kënne mer da fir si maachen?  Anna: Ech proposéieren, mir grille Geméis an Tofu. Villäicht kënne mer och e puer Geméisspiisser maachen.   Ben : Ok. Dann notéieren ech nach : véier Poivronen, dräi Courgetten, zwee Päck Champignonen an zwee Päck Tofu.  Anna: Gutt Iddi! Wat brauche mir nach?  Ben: Vläicht e bësse Brout fir bei d’Grillwurschten an e puer Zaloten? Ech kann eventuell eng Gromperenzalot preparéieren. Dofir brauch ech dann annerhallwe Kilo Gromperen, zwou Ënnen an e Glas Mayonnaise.  Anna: O jo, deng Gromperenzalot ass ëmmer den Hit! Ech bréngen dann e puer Baguettë mat. Ech denken, dräi Stéck ginn duer. Ech kann och nach eng gréng Zalot kafe goen. D’Marta bréngt bestëmmt seng italieenesch Zalot mat Tomaten a Mozzarella mat.  Ben: Ech mengen, mir hunn elo genuch z’iessen. D’Jonge brénge bestëmmt och e puer Tute Chips a Béier mat. A propos Béier, wéi ass et mam Gedrénks?  Anna: Ech kann zwou Fläsche Rosé kafe goen. Waasser a Cola hunn ech nach doheem. Villäicht ka jo jiddereen eppes ze drénke matbréngen?  Ben: Dat ass eng gutt Iddi. Da musse mir net ze vill kafen.   Anna: Tipptopp ! Da schreiwen ech elo jidderengem eng SMS mat enger Invitatioun. Solle mer eis muer den Owend treffen an alles an de Supermarché kafe goen?  Ben: Dat ass eng gutt Iddi. Bis muer!  Anna: Ciao! 

NOW PLAYING

En Ausfluch an e Grillfest plangen (A2)

0:00 5:08

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on July 11, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs. Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!