En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1) episode artwork

EPISODE · Jun 3, 2025 · 4 MIN

En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:En Ausfluch buchemA: Hänks de rëm um Handy? B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mäi Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm. A: Kee Problem. Schéin! Wouhi geet et? B: Majo, dës Agence organiséiert Dagesreesen. Den 23. Juni fuere se op Stroossbuerg. Vu datt bei eis Nationalfeierdag ass an a Frankräich kee Feierdag ass, fannen ech et flott, deen Dag eng Stad ze besichen. Dann ass et net esou voll wéi de Weekend. A: Flott! Dat stëmmt! Wéi ass dann de Programm? B: Mir fueren um 7 Auer moies um Park & Ride Bouillon fort an- A: O, dat ass fréi! B: Jo, mee dann huet een eppes vum Dag. Um 10.15 komme mer zu Stroossbuerg un. Um hallwer 7 owes fiert de Bus nees zeréck op Lëtzebuerg. A: Hm... B: Et kann ee jo am Bus fir dohin e bësse schlofen. A: An engem Bus kréien ech keen A zou. B: Vläicht bass de manner midd wéi s de mengs! Mir maachen dat reegelméisseg. Et ass wierklech praktesch, well ee sech ëm näischt brauch ze këmmeren. Et muss een net selwer fueren, et muss ee keng Parkplaz sichen an no engem laangen Dag ass een och frou, wann een net nach heemfuere muss. Ech hunn nom Entdecken a Shoppe keng Energie méi, fir mam Auto heemzefueren. Dat hei ass wierklech praktesch! A: A wéi vill kascht dat? B: Dësen Tripp kascht 80 € pro Persoun. A: Ok. B: Op hirem Site kanns de kucken, wat fir Trippen a Reesen et nach gëtt. Vläicht fënns de eppes, dat der gefält. A: Jo, ech kucke mol. Merci fir den Tipp! -Aktivitéiten am Alter  A: Hallo! Wéi geet et dir? B : Gutt an dir? A: Och gutt! Ech war de Mëtteg bei menger Bomi. Mir hunn zesumme gekacht a giess. B: Schéin! Wéi geet et hir? A: Et geet hir gesondheetlech gutt, mee se fillt sech immens aleng. Se kuckt vill Tëlee a liest vill, mee et ass all Dag dat selwecht.  B: Dat deet mer leed fir si. Meng Bomi ass jo och eleng, mee si huet wierklech Chance mat hirer Gemeng. D’Gemeng organiséiert vill Aktivitéite fir eeler Leit. Eemol de Mount geet si an e Sproochecafé, fir mat de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, ze schwätzen. Si huet do och d’kenne geléiert, eng Tuneesierin. Si treffe sech reegelméisseg, fir zesummen ze poteren an ze kachen. Eemol d’Woch geet si an de “Fit am Alter”. Do turne si am Sëtzen a wann d’Wieder gutt ass, gi se an e Park spadséieren. A: Wéi flott!  B: Gëtt et an hirer Gemeng keng esou Offeren? A: Ech muss kucken, ech hunn emol net doru geduecht. B: Stréckt si gär? A: Jo, ganz gär. Si heekelt och gär. B: Ma dat passt gutt! Meng Bomi trëfft sech zwee bis dräi Mol de Mount mat Leit vun all Alter, wou si dann zesumme strécken an heekelen, mee virun allem zesumme poteren. Et sinn esouguer Teenageren derbäi! Ech ginn dir mol menger Bomi hir Telefonsnummer. Wann deng Bomi Loscht huet, da ka se menger Bomi uruffen. A: O, wéi léif. Dat ass eng super Iddi! Ech froe se mol, mee si ass bestëmmt motivéiert! Villmools Merci! B: Ganz gär geschitt! Mir kënnen eis jo heiansdo zu véier treffen! Ech wëll och emol strécke léieren. A: Dat maache mer! 

NOW PLAYING

En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1)

0:00 4:28

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 3, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:En Ausfluch buchemA:...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!