EPISODE · Dec 24, 2024 · 29 MIN
En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich, 24/12/2024
from RTL - Lecture vun heiheem · host RTL Radio Lëtzebuerg
"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war. Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren. "Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm.
Embed this episode
NOW PLAYING
En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich, 24/12/2024
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.