RTL - Lecture vun heiheem podcast artwork

PODCAST · arts

RTL - Lecture vun heiheem

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

  1. 100

    Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026

    Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen déi den Historiker Denis Scuto an den Auteur a fréieren Deputéierte Ben Fayot am Interview beäntweren. "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" ass e Buch dat sech an de Kontext vum Luxembourg Mémorial de la Shoah aschreift, an un dem net manner wéi 20 Auteur(inne) matgeschafft hunn. Op iwwer 300 Säite suivéiert dëst Wierk jiddesch Familljen an hiert Schicksal an de Krichsjoren. Hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht, déi am Wuert an am Bild erzielt gëtt. Texter, Familljefotoen an Zäitdokumenter beleeën d'Liewe vu Mënschen déi ëmbruecht goufen, an déi awer bis haut Spueren hannerlooss hunn. D'Buch baséiert op enger minutiéiser Recherche, déi ëmmer nach amgaangen ass, an déi dacks och onkamoud Wouerechten un d'Liicht bréngt. E wichtegt Wierk an en Thema dat och haut näischt vu senger Aktualitéit verluer huet.

  2. 99

    Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026

    De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter" De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer! De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt! "Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

  3. 98

    Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti, 18/02/2026

    "Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll. D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschafft huet an dee beim SCRIPT, also dem Service de Coordination de Recherche et de l'Innovation Pédagogique et Technologique vum Unterrechtsministère erauskomm ass. De Band "Déierefabelen" schreift sech an d'Serie "Allerhand" an. Dës Serie riicht sech an éischter Linn u Lycées-Schüler, ass awer och fir aner interesséiert Lieser zougänglech. Am Interview erzielt d'Elise Schmit wéi ee Stellewäert besonnesch d'Déierefabelen an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. a fréien 20.Jorhonnert hunn a wéi dës Texter d'Geschicht vun eisem Land erëmspigelen.

  4. 97

    "Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov, 18/01/2026

    Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreemen si dovun, d'Schëffswrack ze fannen, an dem der Legend no d'Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat haten si sech net erwaart! Am Interview erzielt d'Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais an dem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer déi an der Maach sinn. "Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskomm

  5. 96

    Wat ka kënschtlech Intelligenz wierklech? (A wat net), 10/01/2026

    "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Thema kënschtlech Intelligenz huet si dräi Bicher verëffentlecht, déi sech un de grousse Public adresséieren. Dat Neist dovun, mam Titel "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" ass am Hierscht 2025 erauskomm a gouf op der Frankfurter Buchmesse virgestallt. An dësem Interview, deen am Oktober 2025 zu Frankfurt opgeholl gouf, erkläert si wat eng KI alles kann - a wat net. Ausserdeem verréit si, firwat si hir Reese léiwer selwer plangt aplaz sech dofir op KI ze verloossen, a wéi e Séipäerdchen déi kënschtlech Intelligenz zolidd an d'Laberente brénge kann. Déi dräi Bicher "Ein Algorithmus hat kein Taktgefühl" (2019) , "Die KI war's" (2023) an "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" (2025) sinn am Heyne Verlag erauskomm.

  6. 95

    "Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025

    Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney,  huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen. D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin.  An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn.  Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet.  Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn. 

  7. 94

    Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes, 26/12/2025

    7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An iwwerall ass och eng Grëtz Humor dobäi. Ob fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, déi 7 Held(inn)e bréngen eis zum Laachen. De Jean-Paul Maes ass haaptsächlech als Acteur an Theater-Auteur bekannt, huet awer mat "Rehaugen" (2021) och e Roman erausbruecht. Ënnert deene sëlleche Rollen déi en a senger laanger Carrière gespillt huet, ass och déi vum Erni Tendo an "De Superjhemp retörns" (2018). Am Interview erzielt de Jean-Paul Maes vu senge siwe Personnagen, an hie verréit wat de Léiw (an och de Renert) mat all dem ze dinn huet. "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes ass bei Kremart Edition erauskomm.

  8. 93

    Den neie Xavier-Kieffer-Krimi an de Filmprojet "Droneland", 19/12/2025

    Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d'Xavier-Kieffer-Trëppeltier déi den LCTO organiséiert, kann een sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf een sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie "Droneland" fréeën dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...

  9. 92

    Zu Mondorf gouf 1945 e Stéck Geschicht geschriwwen, 23/11/2025

    "Die Dolmetscherin" vum Titus Müller Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn. Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neitste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Mondorf spillt. Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Mondorfer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis... Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou bewegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen.    "Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.  

  10. 91

    En Nobelpräis-Laureat kënnt op Lëtzebuerg!, 20/11/2025

    Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel "Diebstahl" ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi een sech op esou en Evenement virbereed.  Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech um Site www.ipw.lu nach umellen. D'Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un. 

  11. 90

    Memoiren aus dem Ënnergrond (1942-1944):, 12/11/2025

    "Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit "De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit) Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet". Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.   

  12. 89

    E poetesche Bléck op d'Natur vun Island: "Hraun" vum Florent Toniello, 08/11/2025

    Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger Rees an Island huet hien sech vun der eenzegaarteger Landschaft vun der "Insel aus Feier an Äis" inspiréiere gelooss. Am Interview erzielt hien wéi hien a senge Texter mat der Sprooch spillt a wéi d'Fotoen vum Thomas Fleckenstein seng Lyrik ergänzen.  "Hraun" vum Florent Toniello ass bei Michikusa Publishing erauskomm

  13. 88

    Mënschen an der digitaler Welt: "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener, 02/11/2025

    An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.  "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.  

  14. 87

    Op der Sich no Spiritualitéit an der japanescher Biergwelt, 26/10/2025

    "Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn kennegeléiert huet. A sengem neie Buch  "Yamabushi - La sagesse des montagnes" erzielt hien vun de Yamabushi, Mënchen déi an ofgeleeëne Biergregiounen eng déif spirituell Verbindung mat der Natur fleegen.  "Yamabushi - la sagesse des montagnes" vum Robert Weis ass bei Transboréal erauskomm.

  15. 86

    Gléck ass e Choix: Interview mat der Schrëftstellerin Julia Holbe, 20/10/2025

    D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt. Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut nees an hirer Gebuertsstad Frankfurt lieft. "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" vun der Julia Holbe ass am Penguin Verlag erauskomm.

  16. 85

    Wann den Eeschtfall antrëtt: "Quick and Dirty" vum Roger Roth, 12/09/2025

    Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absoluten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA. A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéieren wéinst onentschëllegten Absencen vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannerstiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet. Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth.  "Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm. ISBN 978 9995909932

  17. 84

    Och negativ Gefiller kënne positiv Energie fräisetzen: "Roserei", 12/08/2025

    De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. "Roserei" ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass "moshen"? Am Interview gëtt et d'Äntwert!  "Roserei" Cosimo Suglia Sprooch: Lëtzebuergesch Erauskomm bei Op der Lay ISBN 978-2-87967-281-6 144 Säiten 17,90€

  18. 83

    De Pierre Decock schreift Bicher fir Kanner an Erwuessener, 09/08/2025

    "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime.lu. A sengem neie Buch "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen" verbënnt hie seng Léift zum Krimi mat sengem Talent als Illustrateur. An als Bopa vun 10 Enkelkanner weess hie ganz genee wat déi Jonk gäre liesen! Am Interview erzielt hien wéi de Verlag crime.lu sech an de leschte Joren entwéckelt huet, wéi eng Bicher si fir e jonke Public ubidden a wéi hie selwer a senge Bicher nei an onkonventionell Weeër geet.  "10 mystères à résoudre" Texte et illustrations de Pierre Decock 77 pages  8-12 ans 14,50€ "10 Kriminalfälle zum Lösen" Illustrationen: Pierre Decock Deutsche Übersetzung: Gaston Zangerlé 77 Seiten 8-12 Jahre 14,50€ Weider Krimien aus der Fieder vum Pierre Decock a Krimien fir Kanner fënnt een op der Websäit vum Verlag crime.lu

  19. 82

    Psssst! Geheimtipp!, 24/07/2025

    Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emons Verlag, mä dës Kéier geet et net just ëm d'Stad Lëtzebuerg, mä ëm dat ganzt Land. Dat Besonnescht dorun: et sinn net déi bekannten Touristenattraktiounen déi fir d'X-te Kéier beschriwwe ginn, mä déi onbekannten Ecker aus eisem Ländchen, schéin, skurril, interessant, onheemlech an ëmmer onerwaart! Zu Mäerzeg oder Minsbech, zu Walfer oder Wolz, kommt mat a loosst Iech iwwerraschen!   D'Susanne Jaspers, Editrice, Romanautorin a Reesschrëftstellerin, verréit am Interview wéi si alleguer déi Plaze fonnt huet a wat si dorun faszinéiert. "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" Susanne Jaspers Emons Verlag 240 Säiten 18,95€ N.B.: "111 Orte in Luxemburg die man gesehen haben muss" (Luxemburg-Stadt) vum Joscha Remus ass 2020 erauskomm an och ëmmer nach op Franséisch an Däitsch disponibel

  20. 81

    Opruff un all jonk Schrëftsteller(innen), 27/06/2025

    Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch? Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet. 

  21. 80

    Logbuch vun engem Fraenheld: "Les carnets de Gaspar" vum José Luís Correia, 24/06/2025

    Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.  Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass.  De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt.  [attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"] "Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W." vum José Luís Correia Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus erauskomm bei: D'Bréck 392 Säiten ISBN 9 789998 799554 25€

  22. 79

    Wann et deene béisen Noperen net gefällt, 24/05/2025

    "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf. 2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.  "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm.  Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad

  23. 78

    Wat gelift? Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vum Jillian Petry, 08/05/2025

    "Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen  esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage. 

  24. 77

    Vill Mier a vill Tréinen, 16/04/2025

    Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025 Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser. Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.   "Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm. 

  25. 76

    "Stein schreiben", 08/03/2025

    Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt. De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien  d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan. D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025)   Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel  "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023)  De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids)  D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen.  Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!

  26. 75

    Eng däischter Säit vu Lëtzebuerg, 21/02/2025

    "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy "Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dobäi an en Harespelsnascht aus Mobbing, Muechtmëssbrauch a Mord. D'Polizistin léisst sech dovun awer net découragéieren. Hire Virwëtz ass gestëppelt a si huet net wëlles kleng bäizeginn. Do dernieft muss si sech och mat private Verännerunge beschäftegen, déi hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien.  Der Claude Dominicy ass e spannende an däischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll?  Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gäere liest a wéi eng Zukunftspläng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet.  "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am däitsche Gmeiner Verlag erauskomm.

  27. 74

    Eng Luucht am Labyrinth:, 16/02/2025

    "Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian de Toffoli 2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm. Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli säin Text ass béides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tëscht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss deen dëse komplexe System op eis Ëmwelt huet.  D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesäit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. Gläichzäiteg muss hat erkennen, dass hat selwer en Deel vun dësem komplexe System ass.  Am Interview erzielt den Auteur Ian de Toffoli vu senge Recherchen zu engem brisanten Thema dat duerch d'Aktualitéit ëmmer méi an de Fokus réckelt. 

  28. 73

    En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich, 24/12/2024

    "Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war.  Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren. "Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm. 

  29. 72

    Geeschter, Satanisten a geklaute Läichen, 16/12/2024

    "Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren Läiche klaut, eng Serie vu misteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer räicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut! "Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm. 

  30. 71

    Vu Superhelden, Rockstaren an Zäitreesender, 05/12/2024

    "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut! De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt Zäitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview. "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm.

  31. 70

    Mat 150 km/h um Hoverboard iwwer Berlin, 11/11/2024

    "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten. Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e Geschäft. Dobäi gëtt och gären emol mat onfaire Mëttele geschafft... Dem Tom Hillenbrand säi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si gläichzäiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System.  Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand! "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.

  32. 69

    Lecture vun déi Säit vum grousse Pull, 05/11/2024

    D'USA an 10 Bicher Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.  D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wéi “The Great Gatsby” bis bei méi rezent Romaner wéi zum Beispill “Man in the Dark” vum Paul Auster oder “American Dirt” vun der Jeanine Cummins.  Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull.

  33. 68

    Wann een der Erënnerung net traue kann: "M for Amnesia" vum Anne-Marie Reuter, 08/10/2024

    Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwätzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger  Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft.  "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mä sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter.  "M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm.  

  34. 67

    Rendez-vous mat engem Koméit: "To Meet a Comet" vum Isabelle Marinov, 21/08/2024

    Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwäit war.  Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der Réimerzäit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino!

  35. 66

    "Yeshuah" vum Claude Schmit: A wann alles anescht gewiescht wier?, 24/07/2024

    A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus. De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en neit Liewen ugefaangen hätt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman  "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.  "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" Claude Schmit erauskomm bei den éditions Phi ISBN 978-2-919818-18-1 20€

  36. 65

    Fir den 80sten Doudesdag vum Resistenzler Camille Sutor, 18/06/2024

    "Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn. "Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert. Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen.

  37. 64

    "The Heart Pyre" eng interaktiv Fantasy-Serie vum Audrey Martin, 09/05/2024

    An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith" Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op déi Froen déi hat net méi lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gëtt et Hoffnung fir op d'mannst seng Schwëster lieweg erëmzefannen? Dem Maya säi Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mä hat wäert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fënnt hat nei Frënn déi hat bei senger Sich ënnerstëtzen. "A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann.

  38. 63

    Bréiwer aus aller Welt: "A Pint of Fish Fingers - Tales of a Wonderer", 08/04/2024

    Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...

  39. 62

    Wann d'Welt an d'Rutsche geréit: "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger, 27/03/2024

    Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet... "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm

  40. 61

    "Kappgras" en Erzielwierk vum Nico Helminger, 20/03/2024

    Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun? E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn? A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet. "Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm

  41. 60

    Interview mat der Terézia Mora, 14/03/2024

    Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023. Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur. Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den däitsche Buchpräis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an Ostdäitschland, kuerz ier d'Mauer fällt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wäert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprägt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fäerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun. Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen. "Muna oder Die Hälfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm

  42. 59

    "Zum Kotzen schön" e Jugendbuch iwwer Bulimie vun der Renée Reding, 05/03/2024

    Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos. An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann. Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegräifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwätzen. "Zum Kotzen schön - Eine Geschichte über Bulimie und Freundschaft" vun der Renée Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktéiert ginn.

  43. 58

    Interview mat der Janine Horsburgh, Gewënnerin vum Literaturconcours 2023, 17/02/2024

    Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte Präis gewonnen huet. Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den nationale Literaturconcours gewonnen huet, war fir si en Häerzensprojet. Am Interview erzielt si wéi en Dréibuch iwwerhaapt geschriwwe gëtt, si schwätzt vun deene Filmer un deenen si matgeschafft huet, a vun hiren Hoffnungen fir aus dem präisgekréinten Dréibuch e richtege Film ze maachen. An si verréit, wéi een Hollywood-Star hir heemlech Favoritin fir d'Haaptroll wier...

  44. 57

    "J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack, 31/01/2024

    «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gëtt zum Spillball vun deenen däischtere Kräften déi Europa an der éischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominéieren. D’Famill gëtt auserneegerappt, vill vun hinnen deportéiert an de Ghettoen oder an de Lageren ëmbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchéiert fir dat ze rekonstruéieren wat säi Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht déi duerch ganz Europa féiert an och Verbindungen zu Lëtzebuerg huet. Mä zeréck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-Däitschland a Frankräich a war responsabel fir d’Deportatioun vun Zéngdausende vu franséische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um Déifstall vu jiddeschem Besëtz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu Frankräich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz ënnergetaucht. An hei kënnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an d’Spill. Duerch e pueren Zoufall, méi genee eng Etikett an engem Kleedungsstéck, kënnt hien dem Krichsverbriecher op d’Spur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kéint ee mengen. An tatsächlech gëtt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. Mä hie gëtt begnoodegt a kënnt schon 1954 nees op fräie Fouss. De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir säin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem Häerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt. "J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den éditons Amalthée erauskomm.

  45. 56

    "Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer, 15/01/2024

    Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker. "Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Gut verräumte Sternschnuppen" ass sécher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockéieren. Ob et ëm perséinlech Relatiounen oder ëm déi grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hëllt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spät" schreift si: "Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem übergrossen Streifenanzug)" Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mä villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi däitlech dass mir an enger Zäit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprägt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn. Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verräumte Sternschnuppen" ënnerhalen. "Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm.

  46. 55

    "Honorable Brasius" vum Florent Toniello, 13/01/2024

    E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des Poètes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft. Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch säin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt. "Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre éditions erauskomm N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gëtt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg zesumme mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn – Les Amis du Livre a.s.b.l. souwéi dem Centre national de littérature verginn.

  47. 54

    "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig, 30/12/2023

    Eng bësseg Sylvester-Satir Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet. "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

  48. 53

    Vu Mona Lisa bis Xavier Kieffer: Den Tom Hillenbrand am Interview, 18/12/2023

    Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitungen a souguer e Film deen sech mam Thema beschäftegt huet, alles dat huet net nëmmen deen deemools marode Paräisser Konschtmusée bloussgestallt, mä och dofir gesuergt, dass de Porträt vun der Mona Lisa zu engem vun deene berümtesten Tableauen iwwerhaapt ginn ass. Den Tom Hillenbrand huet dëse reale Kriminalfall a sengem Roman opgegraff an huet domat och e Porträt vu Paräis an der Belle Epoque gezeechent. Eng Zäit an der d'Konscht nei Wéeër beschratt huet, zum Beispill mat enger Isadora Duncan am Danz oder engem Pablo Picasso an der Molerei. Personnagen déi och an "Die Erfindung des Lächelns" optauchen. Iwwerdeems war d'Liewen fir déi meeschte Leit awer alles anescht wéi lëschteg: als Reaktioun op déi batter Aarmut hu sech anarchistesch Gruppe forméiert, wéi zum Beispill d'Band ronderëm dee charismatesche Jules Bonnot. Am Interview erzielt den Tom Hillenbrand vu sengen intensive Recherchen fir dëse Roman, et geet awer natierlech och ëm seng Krimi-Serie ronderëm de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer. An e léisst sech souguer e bëssen an d'Kachdëppe kucken.

  49. 52

    "Parfois la nuit se tait" vum Antoine Pohu, 13/11/2023

    Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem éischte Roman "La Quête" stoung hien 2020 op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis, an elo nach eng Kéier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwätzt hien iwwer dëse Roman, awer och iwwer seng neitste Publikatioun, e Monolog mam Titel "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville". Ausserdeem geet et ëm seng Aarbecht fir den Theater an ëm en inklusive Sproochgebrauch an der Literatur. "Parfois la nuit se tait" an "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville" (Publikatiounsdatum: 17.11.2023) sinn allebéid bei capybarabooks erauskomm.

  50. 51

    "Wasserstand" vum Luc François, 09/11/2023

    Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër. De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mä ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse literaresche Coup ze landen. Méi doriwwer am Interview mam Luc François. "Wasserstand" vum Luc François ass bei Kremart Edition erauskomm

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

HOSTED BY

RTL Radio Lëtzebuerg

Produced by RTL Luxembourg

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does RTL - Lecture vun heiheem have?

RTL - Lecture vun heiheem currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is RTL - Lecture vun heiheem about?

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

How often does RTL - Lecture vun heiheem release new episodes?

RTL - Lecture vun heiheem has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to RTL - Lecture vun heiheem?

You can listen to RTL - Lecture vun heiheem on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts RTL - Lecture vun heiheem?

RTL - Lecture vun heiheem is created and hosted by RTL Radio Lëtzebuerg.
URL copied to clipboard!