En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2) episode artwork

EPISODE · Jun 19, 2025 · 5 MIN

En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Hausdéieren. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persounen doriwwer schwätzen, en Hond z'adoptéieren. Duerno héiere mir eng Annonce um Radio, an där zwee Déiere vermësst ginn. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:En Hond adoptéierenA: So, ech iwwerleeë schonn eng Zäit, fir en Hond z’adoptéieren. Elo hunn ech endlech genuch Zäit a Plaz, mee ech weess net, ob ech léiwer en Hond aus dem Déierenasyl oder aus engem Déiereschutz am Ausland adoptéiere soll. Wat mengs du? Du hues jo schonn e bëssen Erfarung mat Hënn. B: Ech fannen et immens, datt s du léiwer en Hond adoptéiere wëlls wéi een ze kafen! Mee jo, de Choix tëscht dem Déierenasyl an engem Hond aus dem Ausland ass net evident. Béid Optioune si gutt, mee se hu Vir- an Nodeeler. Weess du schon, wat fir en Hond s de sichs? A: Am léifsten een, dee roueg an net  ze grouss ass. Et wier och gutt, wann e scho propper wier. B: Hmm, dann ass en Hond aus dem Déierenasyl vläicht besser. D’Personal kennt d’Déieren a se kënnen dir soen, wéi se sech verhalen, ob se zum Beispill eleng bleiwe kënnen, wéi se sech mat aneren Hënn verhalen, an esou wieder.  A: Dat ass wouer. Mee mir dinn déi Hënn, déi op de Stroossen a Länner wéi Rumänien a Spuenie liewen, och immens leed. Deene wëll ee jo och hëllefen. B: Kloer, dat verstinn ech. Déi Déiere liewen oft a grausame Bedéngungen. Mee dofir si se och oft ängschtlech. Déi meescht kennen d’Liewen am Haus net, a sinn och keng Léngt gewinnt. Dat heescht, datt ee méi Gedold an Training brauch.  A: Also mengs du, en Hond aus dem Asyl wier méi einfach? B: Net onbedéngt, mee et ass oft méi einfach anzeschätzen. Ausserdeem kanns du e virdrun e puer Mol besiche goen an zum Beispill mat ëm spadséiere goen a kucken, ob e bei dech passt. Bei engem Hond aus dem Ausland hues du just e puer Biller oder Videoen. A: Ech verstinn. Mee et ginn et net och Organisatiounen, déi d’Hënn hei zu Lëtzebuerg fir d’éischt an eng Fleegefamill bréngen? B: Dach, dat gëtt et och. Dat ass e gudde Mëttelwee. Da wunne se schonn an enger Famill a se kënne sech schonn e bëssen un d’Liewen am Haus gewinnnen, an d’Leit kënnen dir soen, wéi den Hond esou ass. A: Dat kléngt gutt. Hmm… wéi hues du et da gemaach ? B : Mir hunn eisen Hond hei am Déierenasyl adoptéiert. Mir hate Chance, de Lucky huet eis direkt gefall an hien huet sech och mat eis wuelgefillt. Ech denken, et wier eng Iddi, einfach emol an d’Déierenasyl kucken ze goen. A: Merci! Dat hëlleft mir scho weider. Ech mengen, ech ginn de Weekend emol kucken. B: Gutt Iddi! Huel dir awer Zäit – sech en Hond zouleeën, ass eng grouss Entscheedung.   Komme mir elo bei d’Déiererubrik vum Donneschdeg, den 19. Juni: Zanter gëschter Nomëtteg gëtt um Kierchbierg de Metti, e brongen Dackel vermësst. Hien huet véier Joer an huet e rout Halsband mat engem sëlweren Unhänger mat sengem Numm un. Hien ass zoutraulech, mee warscheinlech fäert en e bëssen. Wann dir de Metti gesinn hutt oder wësst, wou hien ass,  da mellt iech wgl bei der Madamm Hoffmann op der Nummer 631 809 265 oder schreift eis eng WhatsApp Noriicht op d’Nummer 671 27 72 44.  An nach eng Kéier: de Metti, e brongen Dackel, gëtt um Kierchbierg vermësst. De Beetebuerger Zoo mellt, dass e Papagei aus hirem Park fortgeflunn ass. Et handelt sech ëm en Hyazinth-Ara an en ass ongeféier ee Meter grouss an e weit 1,4 Kilo. Seng Fierderen si blo a ronderëm d’Aen an de Schniewel ass hie giel. D’Personal aus dem Zoo deelt nach mat, dass hien ëmmer säin Numm rifft. Hie lauschtert op den Numm Rocky. Falls dir e gesitt, preparéiert en Teller mat Nëss oder enger Wuerzel. Domat ass hien immens frou. Rufft dann och beim Déiereschutz ënnert der Nummer 48 93 95 un oder kontaktéiert de Beetebuerger Zoo op der Nummer 51 10 48 1.  Merci fir Är Hëllef! 

NOW PLAYING

En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2)

0:00 5:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 19, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Hausdéieren. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persounen doriwwer schwätzen, en Hond z'adoptéieren. Duerno héiere mir eng Annonce um Radio, an där zwee Déiere vermësst ginn. Vill Spaass beim...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!