Eng Entspanungsübung (B1)

EPISODE · Jul 24, 2024 · 5 MIN

Eng Entspanungsübung (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Mir maachen zesummen eng kleng Entspanungsübung. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Haut maache mir eng Entspanungsübung zesummen. Fir dësen Exercice braucht dir 5 Minutten Zäit an eng roueg Plaz. Setzt Iech op e Stull oder leet Iech op de Kannapee, Äert Bett oder op de Buedem oder eventuell op d’Plage an de Sand. Setzt oder leet Iech esou, datt et confortabel fir Iech ass. Maacht Är Aen zou a probéiert un näischt ze denken. Konzentréiert Iech op meng Stëmm. Otemt déif duerch d’Nues eran an otemt lues duerch de Mond eraus.  Otemt nach eng Kéier an an aus.  Elo probéiere mir eis nach méi z’entspanen. Konzentréiert Iech op Är Féiss an Zéiwen, a spiert, wéi se ëmmer méi schwéier ginn, fir d’éischt de rietse Fouss mat sengen Zéiwen an dann de lénksen. Spiert, wéi Är Féiss an Zéiwe sech entspanen. Konzentréiert Iech elo op Är Been. Se ginn och ëmmer méi schwéier an entspane sech. Spiert elo, wéi Ären Hënner fest sëtzt oder läit.  Spiert, wéi Der ëmmer méi schwéier gitt a wéi sech den ënneschten Deel vun Ärem Kierper ëmmer méi entspaant. Denkt elo un Äre Réck an Äre Bauch. Wann Dir grad sëtzt, leet Iech e bëssen no hannen a spiert de Kontakt mam Stull. Äre Réck relaxt ëmmer méi.  Entspaant elo Äre Bauch a probéiert en entspaant ze loossen, och wann Dir an- an ausotemt.  Och Är Äerm, Är Hänn an Är Fangere gi schwéier. Fir d’éischt de rietsen Aarm an déi riets Hand mat hire Fangeren an dann dee lénksen Aarm an déi lénks Hand mat hire Fangeren ; alleguer ganz schwéier. Denkt elo un Är Schëlleren. Spiert, wéi d’Uspanung vum Alldag, déi op Äre Schëllere sëtzt, lues a lues fortgeet a wéi Är Schëlleren ëmmer méi no ënnen hin entspanen.  Konzentréiert Iech elo op Äre Kapp an op Äert Genéck, op deem de Kapp sëtzt. Se gi schwéier an Dir entspaant Iech ëmmer méi. De Kapp ass esou entspaant, datt Dir un näischt Aneres denkt wéi un Äre Kierper a wéi relax e sech grad ufillt.  Zum Schluss konzentréiere mir eis nach op d’Gesiicht.  Probéiert d’Muskelen an Ärem Gesiicht ze lackeren.  Äre Kënn gëtt schwéier, Äre Mond, Är Baken an och Är Oueren dernieft, Är Aen an Är Stier. Alles gëtt schwéier an alles entspaant sech. Otemt elo nach eng Kéier déif an an aus.   Dir spiert, wéi Äre ganze Kierper relax ass.  Maacht lues Är Aen op a probéiert Är entspaant Kierperdeeler duuss ze beweegen.  Elo sidd Dir prett, fir Ären Dag méi entspaant weiderzeféieren. 

NOW PLAYING

Eng Entspanungsübung (B1)

0:00 5:46

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!