Eng Léier als Coiffeuse (A2) episode artwork

EPISODE · Nov 25, 2025 · 4 MIN

Eng Léier als Coiffeuse (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Léier als Coiffeuse erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng Léier als Coiffeuse maachen  Marco: Moie Lucia! Ech hunn héieren, datt s du eng Léier als Coiffeuse méchs, stëmmt dat? Lucia: Jo genau, ech sinn am zweete Joer vu menger Léier. Et ass wierklech eng flott Aarbecht, och wa se heiansdo ustrengend ass. Marco: Interessant! Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ee genee an där Léier léiert. Meng Schwëster ass och eventuell interesséiert. Lucia: Am Ufank léiere mir d’Grondlagen, zum Beispill wéi ee richteg d’Hoer wäscht, dréchent a kämmt. Dono kënnt d’Schneiden, d’Fierwen, d’Fönen an och d’Stylen. Mir hu souwuel Theorie wéi Praxis. An der Schoul léiere mir och e bëssen iwwer d’Hoerstruktur, d’Haut, Hygiène an d’Produkter, déi mir benotze sollen. Marco: A, also net just mat der Schéier ronderëm fuchtelen, mee och e bësse Wëssenschaft dobäi! Lucia: Genau! Vill Leit mengen, et wier just „Hoer schneiden“, mee et geet ëm vill méi. Zum Beispill muss een d’Form vum Gesiicht analyséieren, kucken, wat engem Client steet, an och e bësse Berodung maachen. Marco: A wéi laang dauert d’Léier eigentlech? Lucia: Normalerweis dräi Joer. No all Joer gëtt et eng Bewäertung an um Enn maache mir en Examen. Do musse mir e puer Modeller friséieren an och theoreetesch Froe beäntwerten. Marco: Dat kléngt no vill Praxis. Hues du vill Kontakt mat de Clienten? Lucia: Jo, déi ganz Zäit! Dat ass och eppes, wat ech besonnesch gären hunn. Et ass flott mat de Leit ze schwätzen, se laachen ze gesinn, wa se frou si mat hirer Frisur. Mee et kann och stresseg ginn, wann ee vill Clienten hannereneen huet oder wann een net all Wonsch genee treffe kann. Marco: Jo, ech stelle mer vir, jidderee wëll anescht ausgesinn an huet eng aner Meenung. Wéi geet een domat ëm? Lucia: Et brauch ee vill Gedold. Heiansdo muss een erklären, datt eppes net funktionéiert oder net gutt fir d’Hoer wier. Mee wann een d’Cliente respektvoll behandelt, da klappt et meeschtens gutt. Marco: A wéi gesäit dann en typeschen Dag bei dir aus? Lucia: Ech fänke moies géint aacht Auer un. Als Léiermeedche fänken ech dacks u mat Botzen, bereeden d’Plaze vir a kucken, datt d’Produiten all do sinn. Da kommen déi éischt Clienten: wäschen, schneiden, fierwen, fönen, asw. An tëschenduerch botze mir ëmmer erëm, maache Rendez-vousen aus oder verkafe Produiten. Ech kann dir soen, den Dag ass séier eriwwer! Marco: Dat kléngt no vill Aarbecht! Du stees jo awer och bal de ganzen Dag, ass dat net ustrengend? Lucia: Jo, mir sti bal de ganzen Dag. Dofir brauch een eng gutt Haltung an e bëssen Ausdauer. Mee, wann ee Freed un der Saach huet, geet et. Marco: A wat gefält der am Beschten un dengem Beruff? Lucia: Ech géif soen: d’Kreativitéit an de Kontakt mat de Leit. Et ass flott, wann een engem Mënsch e schéint Gefill ka ginn oder e bësse méi Selbstvertraue schenken. Marco: Dat ass schéi gesot! A kann ee sech duerno och weiderbilden? Lucia: Jo, sécher! Et kann een d’Meeschterprüfung maachen, selwer enseignéiere goen oder sech spezialiséieren – z. B. op Make-up, Perrécken oder Hochzäitsfrisuren. Verschiddener maachen och hire Salon op. Marco: Do kann een tatsächlech Villes maachen. Ech hunn elo vill méi Respekt fir de Beruff, et ass net esou einfach wéi et ausgesäit. Lucia: Dat ass wouer. Mee, wéi bei all Beruff, wann een et gär mécht, dann ass et net esou schwéier. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Nov 25, 2025

Embed this episode

Ready to play

Eng Léier als Coiffeuse (A2)

0:00 4:22

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on November 25, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!