Eng nei Sprooch léieren (A1)

EPISODE · Jan 8, 2026 · 4 MIN

Eng nei Sprooch léieren (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng nei Sprooch léieren (A1) A: Wat méchs du do? B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben. A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier? B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill! A: Firwat léiers du Koreanesch? B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen. A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours? B: Mir sinn zu 17 an der Klass. A: A wien ass dat? B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen.  A: Wat fir Sprooche schwätze si nach? B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch. A: Wat schaffe si? B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg. A: Ok. B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen.  A: Mega!  B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär. A: Wat ass hatt vu Beruff? B: Hatt ass Architektin vu Beruff. A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen! B: Genee! Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis. A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen! B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn. A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott? B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert! A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren! B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen! A: Merci! 

NOW PLAYING

Eng nei Sprooch léieren (A1)

0:00 4:56

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!