Eng schlecht Vakanz (A2) episode artwork

EPISODE · Jun 25, 2024 · 3 MIN

Eng schlecht Vakanz (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!  Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott… Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann hat. Mir hunn du missen 8 Stonnen zu Frankfurt um Fluchhafe waarden. Wéi mir zu Punta Cana ukoumen, hu mir immens laang op eist Gepäck gewaart, mee et ass net komm. Si haten eis Wallissen net verluer, mee se waren nach zu Frankfurt. Du si mir ouni Gepäck an den Hotel geféiert ginn.  Mir hunn eis direkt eng nei Tenue, Ënnerwäsch, e Pyjama, an e Maillot an eng Schwammbox an engem Buttek am Hotel kaf. Den Hotel ass flott, mee leider si mir direkt den zweeten Dag krank ginn. Mir hunn d’Iessen net verdroen. Ech hat glécklecherweis Medikamenter a mengem Handgepäck, mee mir louchen trotzdeem zwee Deeg krank am Bett.  Wéi mir nees gesond waren, wollte mir en Auto lounen, fir d’Insel kucken ze goen, mee eis Visaskaarten hunn net fonctionéiert a mir hunn nees missen zréck an den Hotel goen. Dunn ass mer deen Dag nach eppes Blödes geschitt! Ech si bei der Piscine ausgerutscht an hu mer de Fouss verstaucht! De Philippe féiert mech elo iwwerall mam Rollstull wéi eng Kinnigin. Ech kann zwar elo keen Tourismus méi maachen, mee Haaptsaach ech kann nach an der Piscine leien, et sinn nämlech all Dag ëm déi 37 Grad! Eis Bagagë si gëschter ukomm. Ech hoffen, et geschitt déi nächst Deeg näischt méi a mir kënnen eis Vakanz nach e bësse genéissen. Sou, dat war et! Bis d’nächst Woch! Ech freeë mech schonn dech erëmzegesinn! Kussiii 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 25, 2024

Embed this episode

Ready to play

Eng schlecht Vakanz (A2)

0:00 3:31

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 25, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!