Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux episode artwork

EPISODE · Mar 31, 2023 · 39 MIN

Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eis"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.  De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch "Das Gangrän", aktuell Tendenzen an der Literatur, ëm Zillen, déi féier zu Beetebuerg produzéiert goufen an och ëm Kannerbicher, Natur a Legenden. De Maxime Weber ass als Useldenger sécher kee Minettsdapp an awer huet hien sech als Auteur an der Gemeng un der Uelzecht lancéiert. Nodeems hien et 2015, bei der alleréischter Editioun vum Prix Laurence, dem Literaturpräis fir Nowuesschrëftsteller zu Beetebuerg, an d’Final gepackt hat, konnt hien de Prix Laurence dat Joer duerno gewannen. Doropshin huet de Maxime säin Debut-Roman „Das Gangrän“ geschriwwen, deen 2021 erauskomm ass. Iwwert de Roman geet natierlech riets. Mam Maxime, deen zu München a Berlin studéiert huet, hu mer iwwert seng Walheemecht Berlin geschwat, iwwer aktuell Tendenzen an der Literatur a virun allem bei Reeditioune vun eelere Bicher an och iwwert d'Kabaische vum Beetebuerger Park, déi enk mam "Renert" verbonnen ass. Schlussendlech waren och "speculative fiction" a "science fiction" e Sujet an eisem Gespréich an do kënnt Dir ënnert anerem gewuer ginn, datt e Lëtzebuerger als "Papp" vun der "science fiction" kann ugesi ginn.   De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 31, 2023

Embed this episode

Kontaktéiert eis "Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen. De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem G...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux

0:00 39:49

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 39 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on March 31, 2023.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!