Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras) episode artwork

EPISODE · Aug 25, 2023 · 38 MIN

Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras)

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisNo eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee sech fir den Erhalt vun dësen historesche Maschinnen asetzt sinn eise Sujet vum Mount August.Eise Gaascht: Charel KugelerEisen Invité vun dësem Mount ass nach Schüler am Lycée Nic Biever zu Diddeleng an zënter e puer Joer passionéierte Member vun der Train1900-Ekipp. Eise Gespréichspartner koum duerch e Bekannten, deen hien eng Kéier mat an de Fond-de-Gras geholl hat, bei d’Dampmaschinnen, déi hei restauréiert a gefuer ginn.Obwuel de Charel bis dohinner wéineg Kontakt mat Hydraulik, Dampkesselen oder Kuelen hat, sinn déi al Maschinne séier zu senger Leidenschaft ginn. Haut ass de Charel mat Häerz a Séil fir als Benevole beim Train1900 engagéiert a verbréngt, net seelen, de gréissten Deel vu senge Weekender am enken Dall tëscht Rodange an Nidderkuer. Wéi seng Klassekomeroden säin Engagement gesinn, wéi eng Verantwortung een als Maschinist oder Zuchbegleeder beim Train1900 huet a wat nach bis zum Enn vun der Saison am Fond-de-Gras gebuede gëtt, dat si Sujeten an eisem Gespréich vun dësem Episode vum Minett Mash-Up.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Aug 25, 2023

Embed this episode

Kontaktéiert eis No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi s...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras)

0:00 38:48

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 38 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on August 25, 2023.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!