Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng) episode artwork

EPISODE · Sep 29, 2023 · 41 MIN

Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisOp eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.Diddeleng kritt e komplett neie Quartier an d'Sanéierungsaarbechten um Site wäerten elo am Oktober no an no ulafen. Bis 2028 sollen éischt Wunnengen am neie Quartier fäerdeg sinn an de südleche Wupp vun Diddeleng en neit Gesiicht kritt hunn. Eise Gaascht: Michel Gira Eisen Invité dëse Mount ass zoustänneg fir d'Koordinatioun vun de grousse Projeten, déi de Fonds du Logement an den nächste Jore realiséiert. Dat ass engersäits de Projet „Nei Schmelz“ an anerersäits de Projet "Wunne mat der Wolz" am Norde vu Lëtzebuerg.De Michel Gira verréit eis am Gespréich méi iwwert seng deeglech Aarbecht, stellt eis den ambitiéisen Developpementsprojet zu Diddeleng vir a gëtt eis e klengen Abléck an déi ökologesch Aspekter, déi beim Baue vun dësem neie Quartier berücksichtegt ginn. Donieft hu mer mam Michel Gira awer och iwwert seng Passioun Handball geschwat an eng al Diddelenger Legend ass och thematiséiert ginn. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Sep 29, 2023

Embed this episode

Kontaktéiert eis Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)

0:00 41:52

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 41 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on September 29, 2023.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!