Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn episode artwork

EPISODE · Nov 24, 2023 · 51 MIN

Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisLegenden, Theater, Pedagogik a MermaidsDës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d'Mirka Costanzi kennen. D'Mirka war de kreative Kapp hannert dem Esch2022-Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem", deen a 6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand huet.Eise Gaascht: Mirka CostanziD'Mirka Costanzi ass studéiert Theaterpedagogin a schafft am Centre culturel "Rotondes". Si ass och am Kënschtlerkollektiv "Maskénada" engagéiert, mat deem si regelméisseg kulturell Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem" bedeelegt, an deem d'Mirka ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit a digitaalt Liewe geschenkt huet.Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir hunn awer och mam Mirka iwwer seng italienesch Wuerzele geschwat. Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi Zolwer, d'Uertschaft an där d'Mirka doheem ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Nov 24, 2023

Embed this episode

Kontaktéiert eis Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabais...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

0:00 51:51

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 51 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on November 24, 2023.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!