Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte episode artwork

EPISODE · Feb 23, 2024 · 54 MIN

Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisSprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige EpisodeDëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn. Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg PützDe Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Feb 23, 2024

Embed this episode

Kontaktéiert eis Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

0:00 54:04

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 54 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on February 23, 2024.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!