Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub episode artwork

EPISODE · Apr 25, 2024 · 55 MIN

Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° - Creative Hub De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen. Eise Gaascht: Philippe ErnzerDe Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht.Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen.Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.Méi Infos hei!De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Apr 25, 2024

Embed this episode

Kontaktéiert eis Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen. Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng. ...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

0:00 55:12

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 55 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on April 25, 2024.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!