Episod 26: Carole Lorang X Ariston episode artwork

EPISODE · Jun 28, 2024 · 48 MIN

Episod 26: Carole Lorang X Ariston

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisNo eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu EschAn de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet.Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 28, 2024

Embed this episode

Kontaktéiert eis No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen. Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 26: Carole Lorang X Ariston

0:00 48:45

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 48 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on June 28, 2024.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!