Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl episode artwork

EPISODE · Sep 27, 2024 · 46 MIN

Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen.Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren.Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn DoihlD’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen.Eisen Invité vum Mount: Joël MiltgenFir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien huet eis fir d’Gespréich mat seng „Minn“ geholl, wou mer méi iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass, an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen.Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison 2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn deelweis kann zéien.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Sep 27, 2024

Embed this episode

Kontaktéiert eis Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen. Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

0:00 46:52

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 46 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on September 27, 2024.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!