Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng episode artwork

EPISODE · Feb 28, 2025 · 50 MIN

Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisFir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass.Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod vum Minett Mash-Up schwätzen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Kabaischen zu LasauvageEe vun den éischte Projeten, déi nach wärend der Kandidatur vum Lëtzebuerger Süden, fir UNESCO-Biosphär ze ginn, lancéiert gouf, war de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher. Mat der Kreatioun vum Biosphärereservat ass en 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen entstanen an all Gemeng huet ee Gîte, genannt Kabaischen, amenagéiert, fir esou den nohaltegen Tourismus am Minett unzekuerbelen.Fir den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up si mer zu Lasauvage an de Gîte gaangen. Dëst ass en aalt Haus an deem fréier Mineure gewunnt hunn a wat zu enger Lodge mat 7 Schlofplazen ëmgebaut ginn ass. Besonnesch spektakulär sinn déi zwou Fresken, déi am Kader vun der Transformatioun vun deem alen Haus realiséiert goufen. Eng Fresk weist d’Legend vun der „wëller Fra“, no där d’Duerf Lasauvage benannt ginn ass, an déi aner d’Liewen am Duerf, wat iwwer 100 Joer laang ee vun den Zentre vum Lëtzebuerger Biergbau war.Eis Gäscht: Guy Altmeisch & Erny MullerFir déi zweet Visit bei de Politiker aus den 11 Gemenge vun der Minett Biosphär hate mer mat Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch a mam PRO-SUD Vizepresident Erny Muller op en Neits zwee Gäscht. De Guy Altmeisch ass zënter dem Hierscht 2023 Buergermeeschter vun Déifferdeng. Mam fréiere Polizistin hu mer iwwert säi Wee an d’Politik an d’Gemeinsamkeeten tëscht der Aarbecht als Gemengepapp an als Polizist geschwat. E weidere Sujet am Gespréich mam Déifferdenger Buergermeeschter war säi jorelaangen Engagement an der Nowuessaarbecht vum gréisste Fussballsveräin aus senger Gemeng.Mam Erny Muller hu mer iwwert seng iwwer 25 Joer als Lokalpolitiker geschwat. Aner Sujete waren d‘“Net Zero Cities“, seng Aarbecht als Elektroingenieur an der Déifferdenger Schmelz an d’Konzept vum Quartierspark, wat him besonnesch um Häerz läit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Feb 28, 2025

Embed this episode

Kontaktéiert eis Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass. Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng

0:00 50:57

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 50 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on February 28, 2025.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!