Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht episode artwork

EPISODE · Apr 25, 2025 · 55 MIN

Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisAm 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'BrillschoulD'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d'Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht.D'Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d'Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht.Haut ass d'Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D'Gebai gouf iwwer d'Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D'Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d'Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d'Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen.Eise Gaascht: Christian WeisDe Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen.Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d'Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik.An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d'Baken an d'Pâtisserie. Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Apr 25, 2025

Embed this episode

Kontaktéiert eis Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt. Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'Brillschoul D'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, ste...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht

0:00 55:50

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 55 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on April 25, 2025.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!