Episod 38: Jean Weiler X Käl episode artwork

EPISODE · Jun 27, 2025 · 31 MIN

Episod 38: Jean Weiler X Käl

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergermeeschter ënnerhale konnten.Eis „Minett-Location” vum Mount: De Park OuerbettRendez-vous fir dësen Episod vum Minett Mash-Up opzehuelen hate mer am Park Ouerbett. Dës gréng Long am Zentrum vu Käl ass am Joer 2010 opgaangen a war 2011 souguer Finalist fir de Lëtzebuerger Architekturpräis. Et ass eng Oas vun der Rou fir grouss a kleng, mat enger Spillplaz, Sportsinstallatiounen, déi vun der Bevëlkerung genotzt kënne ginn an engem Pavillon, an deem ganz geschwënn nees e Restaurant opmaachen dierft.Eisen Invité: Jean WeilerDe Jean Weiler ass zënter 2022 Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng. Éier hien seng politesch Funktioun iwwerholl huet, war de Jean Weiler als Enseignant engagéiert. Hien ass, wéi en eis verroden huet, e richtege Käldaller, dee schonn an all den Uertschafte vun dësem Dall gelieft huet.An eisem Gespréich ass riets gaangen iwwert d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vun enger Gemeng, déi an engem relativ enken Dall, tëscht zwee aussergewéinlechen Naturschutzgebidder läit. An deem Kontext hu mer mam Jean Weiler iwwert de „Plan de développement communal” geschwat an den zukünftege Quartier Käl-Nord. E weidere Sujet war déi lokal Industriegeschicht mat den Infrastrukturen, déi d’Gemeng esouwuel mam Musée Ferrum ewéi doriwwer eraus en place gesat huet.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 27, 2025

Embed this episode

Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi me...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 38: Jean Weiler X Käl

0:00 31:38

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 31 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on June 27, 2025.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!