Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech episode artwork

EPISODE · Jul 25, 2025 · 48 MIN

Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisFir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete sinn d’Aktivitéitszon zu Féiz, déi eng vun de gréissten an eelsten Aktivitéitszone vu ganz Lëtzebuerg ass, an d‘Naturschutzgebitt Dumontshaff, wat Visiteure mat senge Waasserbüffel a Storche begeeschtere kann. Da schwätze mer awer och iwwert den Ausbau vun der erneierbarer Energie. Monnerch plang e grousse Solarpark un ale Crassier, deen natierlech och e Sujet am Podcast ass.Eis Gäscht: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-ThillDéi zwee Gäscht an dësem Episod vum Minett Mash-Up sinn de Jeannot Fürpass, de Buergermeeschter vu Monnerech, an d‘Anouk Boever-Thill, fréier PRO-SUD-Presidentin an aktuelle Member vum PRO-SUD-Büro. Mam Buergermeeschter potere mer iwwert déi grouss Projete vun der Gemeng a firwat him als Buergermeeschter d'Biergerbedeelegung esou wichteg ass. Mam Anouk Boever-Thill kucke mer op hir 8 Joer an der Gemengepolitik zeréck, gi gewuer firwat si sech elo aus der aktiver Politik zeréckzitt a kréien en Abléck an hir aktuell berufflech Challengen. Si ass virun e puer Joer als Quereinsteigerin an den Enseignement gewiesselt.Méi Infoen iwwert de "Minett  Mash-Up" an all d'Linken bei d'Sujeten iwwert déi mer geschwat hunn, fannt dir an eise Shownotes.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jul 25, 2025

Embed this episode

Kontaktéiert eis Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete ...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech

0:00 48:14

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 48 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on July 25, 2025.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!