Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng episode artwork

EPISODE · Sep 26, 2025 · 52 MIN

Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisAm neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett.Eis “Minett-Location vum Mount”: SpektrumDës Kéier hu mir am "Spektrum" opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d'Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet. Fir Esch2022 gouf d'Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d'Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de "Spektrum" ausgesäit.Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin MuhovicDoriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war. Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d'Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d'Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten. Aner Sujete sinn d'Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d'Gemeng d'Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Sep 26, 2025

Embed this episode

Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller ...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng

0:00 52:33

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 52 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on September 26, 2025.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!