Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen episode artwork

EPISODE · Feb 27, 2026 · 47 MIN

Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisBiodiversitéit a Gestioun vun de Minetter DagebausgebidderDe Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat.Eis “Minett-Location” vum Mount: LéiffrächenFir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng vun de 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere a gläichzäiteg eng Plaz, wou eist natierlecht an industriellt Ierwen op eng ganz speziell Aart zesummekommen.Am Podcast schwätze mir doriwwer, firwat grad d’Léiffrächen als Kärzon esou spannend ass: Als fréiert Minièresgebitt weist si, wéi post-industriell Landschaften zu wichtege Refugë fir Fauna a Flora kënne ginn. Gläichzäiteg stellt sech hei ganz konkret d’Fro, wéi een Naturschutz, Zougang fir de Public an d’Erhale vun der industrieller Erënnerung ënnert een Hutt kritt.Eise Gaascht: Jan HerrEise Gaascht ass de Jan Herr, Biolog bei der Naturverwaltung an Animateur vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebausgebidder. Mat him kucke mir hannert d’Kulissen: Wat heescht et, esou Gebidder am Alldag ze geréieren? A wéi gesäit ee Gestiounsplang fir en Naturschutzgebitt iwwerhaapt aus?Am Gespréich ginn et och ëm dës Punkten:Wat un der Léiffrächen anescht ass ewéi op anere KärzonenWéi eng Elementer vun der Biodiversitéit hei besonnesch wichteg sinn – och am Kontext vum Natura 2000-Programm vun der EU.Ob d’Renaturéierung vun ale Minnièressitten aus biologescher Siicht e Succès ass, a firwat een an “post-industrielle” Landschaften heiansdo vun enger spezifescher Biodiversitéit schwätze kann.Firwat et heiansdo ausgesäit, wéi wann eng Fläch “mat engem Bagger duerchgeplout” wier – a firwat et fir de Naturschutz trotzdeem (oder grad dofir) wichteg ka sinn, reegelméisseg ze intervenéieren.Wat déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an Zukunft sinn: Klimawandel, Siidlungsdrock, Liichtverschmotzung – oder nach eppes ganz anescht?Als klengt Natur-Highlight kënnt natierlech och d’Bëschléierchen (alouette lulu) net ze kuerz: mir stellen se kuerz vir fir all déi, déi se nach net kennen an och eis “Minetter Schof”, déi Naturschützer mat véier Bee sinn, stelle mir am Gespréich mam Jan Herr vir.Nieft de fachleche Froe gëtt et och eng méi perséinlech Säit: De Jan erzielt, wéi säi Wee ausgesinn huet, a mir schwätzen doriwwer, wéi een “ofschalt”, wann d’Natur gläichzäiteg Aarbechtsplaz ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Feb 27, 2026

Embed this episode

Kontaktéiert eis Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat. Eis “Minett-Location” vum Mount: Léiffrächen Fir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen

0:00 47:03

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 47 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on February 27, 2026.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!