Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg episode artwork

EPISODE · Jul 31, 2026 · 45 MIN

Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg

from Minett Mash-Up: De Podcast · host Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eisD’Story hannert „Minettsdapp“Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ Inspiratioun openeentreffen. An dësem Episod empfänkt de Podcast zwee musikalesch Gäscht: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Pol Belardi.Am Mëttelpunkt steet hiert gemeinsaamt Lidd “Minettsdapp”, dat extra fir d’Minett UNESCO Biosphere geschriwwen an opgeholl gouf. De Song verbënnt Rap, regional Identitéit, industriellt Ierwen an d’Klanglandschaft vum Minett zu engem musikalesche Portrait vun eiser Regioun.D’Episod geet der Fro no, wéi eng Landschaft, déi laang duerch Aarbecht an Äerzofbau markéiert war a sech duerno nei erschaf huet, haut nei erzielt, nei belauschtert an nei besongen ka ginn.Eis “Minett Location” vum Mount: De LallengerbiergD’“Minett Location” vun dësem Mount ass de Lallengerbierg, eng Plaz, déi staark mat der Geschicht vum Minett verbonnen ass. Haut ass dëst Gebitt net nëmme wéinst sengem industrielle Patrimoine interessant, mee och wéinst senger ekologescher Bedeitung.De Lallengerbierg ass eng vun de Kärzone vun der Minett Biosphär an e wichtege Liewensraum fir rar Déieren- a Planzenaarten. Am Podcast spillt besonnesch d’Bëschléierchen eng Roll: e klenge Zuchvull, deen de Summer hei verbréngt an um Buedem bréit.Gläichzäiteg ass de Lallengerbierg eng Plaz, déi vill erzielt: vu fréierer Biergaarbecht, vu vum Mënsch geformte Landschaften, mee och vun neier Natur, Rou a Kreativitéit. Genee dës Mëschung mécht de Site zu enger idealer Kuliss fir en Episod, an deem et ëm Musek, Erënnerung a regional Identitéit geet.Eis Gäscht: Nikki Ninja a Pol BelardiAn dësem Episod sinn direkt zwee Gäscht dobäi: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Museker Pol Belardi.Nikki Ninja ass e musikalesche Projet, mat deem d'Nicole Bausch Rap fir Kanner mécht. Mat hire lëtzebuergeschen Texter bréngt si Themen no un e jonke Public a weist, datt Rap och spilleresch, pedagogesch a regional verankert ka sinn.De Pol Belardi ass Museker, Jazzmuseker a Radiopresentateur. Fir de Song “Minettsdapp” huet hien d’Musek komponéiert an dobäi net nëmmen op musikalesch Traditiounen zeréckgegraff, mee och op Kläng, déi an de fréieren Dagebaugebidder vum Minett opgeholl goufen.Zesumme schwätzen d’Gäscht doriwwer, wéi d’Lidd entstanen ass, wéi Schoulklassen aus dem Minett an de kreative Prozess agebonne goufen, a wéi ee mat Musek eng Regioun erkläert, ouni se ze vereinfachen.Besonnesch spannend ass d’Verbindung tëscht “Minettsdapp” an dem Biergoarbechterlidd: engem historesche musikalesche Motiv, dat fir dëse Projet an eng méi modern Form iwwerdroe gouf. Sou gëtt aus engem traditionelle Bezuchspunkt eppes Neies, dat och fir Kanner an déi nächst Generatiounen zougänglech gëtt.Am Gespréich geet et awer net nëmmen ëm Musek. Et geet och ëm d’Fro, wéi industriellt Ierwen haut nach eise Bléck op d’Regioun beaflosst, wéi Plazen aus der Aarbechtswelt zu Plaze vu Poesie kënne ginn, a wéi Kënschtlerinnen a Kënschtler dozou bäidroe kënnen, kollektiv Erënnerung weiderzeginn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jul 31, 2026

Embed this episode

Kontaktéiert eis D’Story hannert „Minettsdapp“ Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ Inspiratioun openeentreffen. An dësem Episod empfänkt de Podcast zwee musikalesch Gäscht: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Pol Belardi. Am Mëttelpunkt steet hiert gemeinsaamt Lidd “Minettsdapp”, dat extra fir d’Minett UNESCO Biosphere geschriwwen an opgeholl gouf. De Song verbënn...

Distinct summary based on available episode metadata or transcript content.

NOW PLAYING

Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg

0:00 45:15

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Minett Mash-Up: De Podcast?

This episode is 45 minutes long.

When was this Minett Mash-Up: De Podcast episode published?

This episode was published on July 31, 2026.

Can I download this Minett Mash-Up: De Podcast episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!