Fuesent zu Lëtzebuerg (A2) episode artwork

EPISODE · Feb 19, 2025 · 4 MIN

Fuesent zu Lëtzebuerg (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer!B: Waars de op engem Fuesbal?A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden!B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet?A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalkaden hunn ech en Äisbierekostüm ugedoen, well et esou kal war.B: Witzeg!A: Waars de och op engem Fuesbal?B: Nee, dat ass net esou menges... Ech hunn d’Fuesmusek iwwerhaapt net gär.A: Mee Kavalkade sinn awer flott! Do ass ëmmer eng gutt Stëmmung. D’nächst Kéier gees de mat eis!B: Nee, ech verkleede mech net gär. Als Kand hat ech et gär, mee elo seet dat mir näischt méi.A: A ok! Häss de da Loscht den nächste Mëttwoch op Réimech ze fueren? Da gëtt de Stréimännche verbrannt! Ech war d’lescht Joer do. Dat ass och flott! An do ass keng Fuesmusek!B: Wat ass dat?A: Zu Réimech gëtt traditionell op Äschermëttwoch de Stréimännche verbrannt, fir der Fuesent an dem Wanter äddi ze soen.B: Oho! Dat kléngt extra! Kanns de mer dat méi genee erklären?A: De Stréimännchen, eng Figur aus Stréi, gëtt an engem Danz-Cortège duerch d’Stroosse vu Réimech bis op d’Muselbréck gedroen. Op der Bréck gëtt de Männche mat Feier ugefaang an an d’Waasser geheit. An de Schaltjoren gëtt eng Stréifräche verbrannt.B: E Fräsch?A: Nee, eng Frächen. Dat ass eng vereelzt an ëmgangssproochlech Diminutivform vu “Fra”. Dat seet een elo net méi, mee dann erkenns de d’nächst Kéier d’Wuert, wann s de et héiers oder lies.B: Ok! Wat mécht een do nach?A: Si zerwéiere gebakene Fësch a Gromperekichelcher, an et kritt ee Glüwäin ze drénken.B: Hm. Wéini ass dann Äschermëttwoch?A: Dëst Joer fält en op de 5. Mäerz.B: Waart, ech kucken a mäin Agenda...Nee, do kann ech net, ech hunn deen Dag zwou wichteg Reuniounen. Ech ka mer net fräi huelen.A: Schued! Vläicht hues de d’nächst Joer Zäit.B: Jo! Gëtt et net nach e Fest, wou mir dem Wanter äddi soen? Déi Traditioun kënnt mir bekannt vir.A: Genee! D’Buergbrennen!B: A jo! Dat hunn ech schonn héieren. Ass dat iwwerall oder just an deenen Uertschaften, wou eng Buerg steet?A: Nee, dat ass a ville Gemengen uechter d’Land. Lokal Veräiner këmmere sech ëm d’Organisatioun. Si bauen d’Buerg an zerwéieren och Iessen a Gedrénks. D’Buerg besteet aus Holz, aus alen Äscht, aus Stréi, aus den ale Chrëschtbeemercher, asw. D’Form vun der Buerg ka variéieren. Oft ass se a Form vun engem Kräiz.B: Mee firwat ass d’Buerg dann net a Form vun enger Buerg? Firwat heescht et da Buerg?A: Jo, dat ass e bësse witzeg. “Buerg” kënnt vu Latäin “burere”, dat heescht “brennen”.B: Wéi? Dann heescht “Buergbrennen” eigentlech “Brennenbrennen”?A: Jo!B: Wat kann een dann do iessen an drénken?A: Oft gëtt et Ierzebulli, dat ass eng Zopp aus Ierbessen, et gëtt Grill- a Mettwurschten, Bouneschlupp, eng Zopp mat Bounen, Glüwäin an anert Gedrénks.B: Wéini ass dat? Och op Äschermëttwoch?A: Nee, e puer Deeg duerno. Buergbrennen ass ëmmer den éischte Sonndeg oder och Samschdeg no der Fuesent. Dëst Joer ass et den 8. an 9. Mäerz.B: Dat ass gutt! Ech hunn de Weekend besser Zäit. Duer kann ech matkommen!A: Super! Da kënns de bei eis! Dat gëtt flott!B: Ech freeë mech drop! Ech wëll onbedéngt all d’Lëtzebuerger Traditioune kenne léieren!

NOW PLAYING

Fuesent zu Lëtzebuerg (A2)

0:00 4:49

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on February 19, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer!B: Waars de op engem Fuesbal?A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!