Gesondheet: Dokter an Apdikt (A2)

EPISODE · May 2, 2024 · 3 MIN

Gesondheet: Dokter an Apdikt (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Beim Dokter  Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer.  Rezeptionistin: Kënnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen?  Patientin: Jo, natierlech. Mäin Numm ass Jessica Klein an ech sinn de 15. Mee 1989 gebuer.  Rezeptionistin: Merci. Huelt Iech wgl. nach en Ament am Wartesall Plaz, den Dokter kënnt geschwënn.  Dokter: Moie Madamm Klein, wéi geet et Iech haut?  Patientin: Moien. Net esou gutt. Ech hunn zanter e puer Deeg Problemer mat menger Nues. Se bäisst déi ganzen Zäit an ech muss oft néitsen. Meng Ae brennen och a mäin Hals ass e bësse rau.  Dokter: Dat kléngt ganz no Heeschnapp. Hat dir déi Problemer schonn eng Kéier an dëser Joreszäit?  Patientin: Jo, d’lescht Joer am Fréijoer hat ech dat och schonn.  Dokter: Dann hutt dir warscheinlech den Heeschnapp. Dat hunn de Moment vill Leit wéinst de Pollen. Ech ginn Iech eng Ordonnance fir Anti-Histamin-Pëllen. Wann dir déi all Dag huelt verbessere sech är Symptomer séier. Ech ginn Iech awer och e Spray fir an d’Nues an Drëpse fir an d’Aen. Kommt awer an engem Mount erëm, da maache mir nach eng Kéier de Bilan.  Patientin: An der Rei. Merci.  Dokter: Gär geschitt. Hei ass Är Ordonnance. Gutt Besserung!  Patientin: Merci, äddi!    An der Apdikt    Apdiktesch: Gudde Mëtteg! Wéi kann ech iech hëllefen?  Client: Gudde Mëtteg. Mäi Jong huet eng zolidd Erkältung an den Dokter huet mir eng Ordonnance fir e puer Medikamenter ginn.  Apdiktesch: Kënnt dir mir d’Ordonnance ginn, wann ech gelift?  Client: Jo, hei ass se.  Apdiktesch: Merci. Ok, ech gesinn ... ee Moment, wgl. Ech ginn d’Medikamenter sichen ... Voilà, hei sinn d’Medikamenter fir äre Jong.  Kënnt dir mir wgl. soen, wéi al hien ass?  Client: Jo. Hien huet aacht Joer.  Apdiktesch: Merci. Hei ass fir d‘éischt den Houschtsirop. Deen ass fir de Schläim ze léisen. Äre Jong muss zweemol den Dag en hallwe Läffel nom Iessen huelen. Dann hutt dir hei nach e Spray fir an d’Nues. Dee mécht d’Nues fräi a wierkt géint de Schnapp. Dir musst him deen dräimol den Dag an d’Nues sprayen.   Client: Villmools Merci. Hutt dir nach e puer Rotschléi?  Apdiktesch: Et ass wichteg, datt Äre Jong genuch drénkt, am beschte Waasser oder Téi. Dir sollt och drop oppassen, datt hie vill rascht a genuch schléift, datt säi Kierper sech erhuele kann. Huet hien och Féiwer?  Client: Jo, e bëssen. Hien hat de Moien 38 Grad.  Apdiktesch: Da ginn ech iech nach Pëlle géint d’Féiwer mat. Fänkt awer mat enger klenger Dosis un, fir ze kucken, ob hien d’Medikament verdréit.  Client: Merci, dat maachen ech. Nach e schéinen Dag!  Apdiktesch: Merci gläichfalls! 

NOW PLAYING

Gesondheet: Dokter an Apdikt (A2)

0:00 3:33

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!