Gutt Noriichten (B1)  episode artwork

EPISODE · Jun 17, 2025 · 4 MIN

Gutt Noriichten (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Moien an häerzlech wëllkomm an der Poterkëscht. Wa mir d’Noriichten um Radio lauschteren, dann héiere mir meeschtens schlecht Noriichten: Krisen, Accidenter, Sträit – a just heiansdo positiv Noriichten. Haut maache mir dat anescht. An dësem Episod erziele mir iech just gutt Noriichte vun de leschte Méint bis haut. Mir hoffen, datt mir iech den Dag esou e bësse méi schéi maache kënnen:  Gesondheet Eng nei Kënschtlech Intelligenz kann unhand vun engem Elektrokardiogramm potenziell déidlech Häerzproblemer a Stéierunge vum Häerzrythmus bei Risikopatiente scho 14 Deeg virdrun erkennen. De Projet ass nach an der Testphas, mee esou kéinten an Zukunft vill Leit gewarnt ginn a Mënscheliewe gerett ginn.  Musek Musek mécht bekanntlech glécklech, dat huet eng Etüd aus Finnland elo wëssenschaftlech bewisen. Wa mir Musek lauschteren, schëtt eist Gehier Gléckshormoner, wéi zum Beispill Dopamin aus. Virun allem bei eise Liblingslidder gëtt de Belounungssystem an eisem Gehier aktiviéiert, esou wéi mir dat kennen, wa mir eppes Schéines erliewen oder e gutt Stéck Schockela iessen. Musek ka Stress reduzéieren, eis Stëmmung verbesseren a souguer hëllefen, manner Péng ze spieren. Also... lauschtert är Playlist mat äre Liblingslidder a scho gëtt ären Dag e bësse besser!  Natur Am Amazonas schützen d’Regierung an d’Mënschen de Reebësch besser: et gi manner Beem ëmgehaen. Den Taux ass déi éischt Kéier zanter aacht Joer méi niddereg wéi déi lescht Joren. Ee Grond dofir ass och, dass vill Länner sech fir d’Erhale vum Reebësch Amazonas engagéieren.  Déieren an Aartevilfalt Vill Länner hunn hir Schutzgebidder fir Déieren um Land an am Mier am Joer 2025 erweidert. Besonnesch am Mier gëtt et elo Schutzgebidder, fir d’Korallen, d’Fësch an aner Mieresbewunner ze schützen.  Gesellschaft a Solidaritéit Ëmmer méi Leit engagéiere sech benevol fir sozial Projeten. D’EU-Kommissioun annoncéiert, datt d’Zuel vu Benevollen 2025 sou héich wéi nach ni ass. Besonnesch jonk Persoune setze sech fir de Klimaschutz a fir Leit, deenen et net esou gutt geet, an.   Kultur Kannerbicher sollen hëllefen, fir datt indigen a bedrot Sproochen net ausstierwen: Op der ganzer Welt gëtt et ongeféier 7000 Sproochen. Wann eng Sprooch ausstierft, da verléiere mer och d’Kultur, déi zu der Sprooch gehéiert. E weltwäite Projet vun enger Organisatioun vun de Vereenten Natiounen zesumme mat enger Organisatioun, déi Kanner- a Jugendliteratur fërdert, wëll eng Sammlung mat Bicher fir Kanner a Jugendlecher, och Comicken a Sachbicher, kreéieren. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 17, 2025

Embed this episode

Ready to play

Gutt Noriichten (B1)

0:00 4:12

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 17, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!