Hellegowend doheem feieren (A2) episode artwork

EPISODE · Dec 24, 2025 · 5 MIN

Hellegowend doheem feieren (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Akafen op Hellegowend A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen. B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes Vegetaresches. A: Du hues Recht. Hatt ësst jo säit Neitstem kee Fleesch méi. Mir hu schon e puer Zaloten a Brout, mee dat geet jo net duer. Wat kënne mir fir hatt kachen? Vläicht e Gratin mat Geméis, oder eng Lasagne? B: Hmm, eng Lasagne dauert ze laang. Mir musse jo nach fir déi aner kachen, dekoréieren, den Dësch decken, an esou weider… Da léiwer e Gratin. Dofir brauche mir Gromperen, e bësse Geméis, Ram a Kéis. Hu mir nach alles doheem? A: Nee, ech mengen, mir hu just nach e Sak Gromperen. Waart, ech gi mol e bësse Geméis sichen, kanns du an de Rayon mat de Mëllechprodukter en Dëppche Ram an e Pak gerappte Kéis siche goen? B: Jo, ech gi kucken. Wat e Stress… Uff, ech hunn zum Gléck awer alles fonnt. Du och? A: Jo, e Broccoli an e Pak Champignonen. Dat misst goen. Sou, da brauche mir och nach e klenge Kaddo fir denger Schwëster hir Frëndin. Kuck, hei am Regal hu se e puer Kaddoen. Wéi wier et mat enger Käerz an enger Këscht Knippercher? Mengs de, dat geet duer? B: Jo, dat ass bestëmmt an der Rei. Sou, dann hätte mir elo alles, oder? A: Jo, ech denke schonn. Ech hoffen, d’Schlaang an der Keess ass elo net ze laang. B: Dat gleewen ech net. Mee wat soll ech soen, et ass Hellegowend. D’nächst Joer gi mir einfach en Dag éischter akafen. A: Haha, jo, wéi all Joer … Hellegowend virbereeden A: Sou, elo musse mir d’Haus nach fir den Owend raumen an e bëssen dekoréieren. B: Mat wat solle mir ufänken? A: Ech mengen, mir solle fir d’éischt d’Stuff raumen. B: Gutt Iddi. Ech raumen d’Zeitungen ewech a staubsaugen den Teppech. A: Ok. Ech botzen den Dësch eng Kéier of, leeën e schéint Dëschelduch drop a stellen e puer Käerzen drop. B: Mir mussen och nach de Chrëschtbeemche fäerdeg dekoréieren. A: Jo. Kanns du mir hëllefen, d’Liichtercher opzehänken? B: Natierlech, wou leie se? A: An der Kartongskëscht nieft dem Kannapee. B: A jo, hei si se. Soll ech och d’Bullen ophänken? A: Jo wannechgelift, ech sinn nach net ganz fäerdeg ginn. B: Brauche mir soss nach eppes fir den Owend? A: Jo, mir mussen den Dësch nach decken. Kanns du déi schéin Telleren an de Schaf siche goen? B: Jo, an ech bréngen och d’Glieser an d’Besteck. A: Merci! Ech falen d‘Zerwéiten. B: Sou, elo misste mer awer fäerdeg sinn. Et gesäit wierklech schéin aus! Dat eenzegt wat nach feelt ass eng schéi Chrëschtdagsplaylist. Ech sichen eis nach eng flott eraus.  A: Gutt Iddi! Ech freeë mech op den Owend.  B: Ech mech och. Dat gëtt bestëmmt gemittlech. 

NOW PLAYING

Hellegowend doheem feieren (A2)

0:00 5:44

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on December 24, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Akafen op Hellegowend A: O mei....

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!