Hobby: Trail Lafen (A2) episode artwork

EPISODE · Jan 9, 2025 · 2 MIN

Hobby: Trail Lafen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio!  B: Moien!  A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini?  B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach!  A: Dat ass wouer, mee du schwätz scho ganz gutt. Haut schwätze mir iwwer däin Hobby. Du leefs gär, oder?  B: Jo, dat ass richteg. Mäin Hobby ass virun allem Trail lafen.  A: Dat kléngt interessant. Kanns du eis erklären, wat Trail lafe genau ass?  B: Jo. Beim Trail lafe leeft een net op der Strooss, mee op Weeër an der Natur, zum Beispill am Bësch, an de Bierger oder op Felder.  A: Dat kléngt no Abenteuer! Firwat gefält dir Trail lafen esou gutt?  B: Ech hunn d’Natur immens gär. Ech kann Déiere gesinn an déi frësch Loft deet gutt. An natierlech ass et och gutt fir mäi Kapp a fir mäi Kierper.  A: Ech verstinn. Wéi oft gees du Trail lafen?  B: Normalerweis lafen ech zwee bis dräi Mol d’Woch. Ech maachen och nach Kraafttraining eleng oder mat engem Grupp dobaussen. De Weekend maachen ech oft méi laang Leef, heiansdo méi wéi 20 Kilometer.  A: Wow, dat ass vill! Hëls du och u Competitiounen deel?  B: Jo, ech si viru Kuerzem den Uewersauertrail zu Lëtzebuerg gelaf.  A : A wéi preparéiers du dech op esou eng Course?  B: Ech trainéiere vill, iesse gesond an drénke vill Waasser. An ech schlofe genuch.  A: Dat ass wichteg. Géifs du mir oder eisen Nolauschteren Trail lafen och recommandéieren ?  B: Natierlech ! Et mécht Spaass an et ass gutt fir d’Gesondheet. Et brauch ee just gutt Schong a Motivatioun.  A: Merci! Da probéieren ech dat eventuell deemnächst eng Kéier. Merci, datt s du haut hei waars an eis vun dengem Hobby erzielt hues.  B: Merci fir d’Invitatioun! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jan 9, 2025

Embed this episode

Ready to play

Hobby: Trail Lafen (A2)

0:00 2:54

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on January 9, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!