Hobbyen: Lafen a Schwammen (A2) episode artwork

EPISODE · Apr 16, 2024 · 3 MIN

Hobbyen: Lafen a Schwammen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lafen Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.   Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen Zäit fir mech hunn. Beim Lafe kann ech gutt nodenken an nei Energie tanken. Natierlech hëlleft och déi richteg Musek!  Heiansdo maachen ech och en Tour zesumme mat Frënn. Dat ass flott, well mir eis géigesäiteg motivéieren. E puer vu menge Kolleege sinn awer vill méi schnell wéi ech, mee dat ass kee Problem. Jiddweree leeft a sengem Tempo.  Mäin Zil ass et, reegelméisseg ze lafe fir fit a gesond ze bleiwen. Mee ech wëll och meng Ausdauer verbesseren. De Moment lafen ech ongeféier fënnef bis aacht Kilometer, mee ech géif gär zéng Kilometer um Stéck packen. Dofir trainéieren ech de Moment mat engem Trainingsplang an hoffen, esou meng Distanzen ze verbesseren.  En anert grousst Zil ass et, eng Kéier bei engem Hallefmarathon matzemaachen. Zu Lëtzebuerg ass all Summer e grousse Marathon an ech wier immens houfereg, do eng Kéier dobäi ze sinn. Jo, et ass eng grouss Erausfuerderung, mee ech gleewen drun, datt ech dat packen. Vläicht sinn ech jo esouguer schonn d’nächst Joer prett!   Schwammen Moien! Ech sinn d'Alma an ech hunn eng chronesch Krankheet.  Duerfir ginn ech eemol d'Woch, vu 17.00 bis 19.00 mat enger Lëtzebuerger Associatioun an d'Piscine.  Um 16.30 fueren ech doheem fort a kommen um 16.50 un.  Ech ginn an de Vestiaire, ech doe meng Kleeder aus an ech doe mäi Maillot a meng Schwammkap un. Duerno ginn ech an d'Dusch.  Vu 17.00 bis 18.00 maache mir Aquagymnastik. Mir trëppelen duerch d'Waasser, mir lafen, mir sprangen, mir spille mam Ball, a sou weider...  Géint 18.00 kréie mir nach d'Geleeënheet, eng hallef Stonn ze schwammen oder am waarme Waasser z'entspanen.  Ech schwammen immens gär! Ech schwamme Brasse, Kraul, um Réck an esouguer e bësse Papillon. Duerno sinn ech immens midd, awer och glécklech, well ech weess, datt ech eppes Guddes fir mäi Kierper gemaach hunn.  Um 18.30 musse mir aus der Piscine eraus.  Ech dusche mech, ech dréchne mech of, ech di mech un an ech föne meng Hoer.  Géint 19.00 fueren ech erëm heem.  Ech sinn immens dankbar, datt ech dat eemol d'Woch maache kann! 

NOW PLAYING

Hobbyen: Lafen a Schwammen (A2)

0:00 3:52

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 16, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lafen Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!