Hobbyen: Sangen a Fitness (A2) episode artwork

EPISODE · Mar 14, 2024 · 3 MIN

Hobbyen: Sangen a Fitness (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer  Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.   Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do! Mir hu Sängerinnen a Sänger vun all Alter, vun ongeféier 16 Joer bis ca. Enn 70. Et ass kee professionelle Chouer, mee jiddereen ass immens engagéiert.  Alex: Flott! A wat sangt dir do?  Zoé: Vun allem. Mir sange gär klassesch Chouermusek, mee heiansdo och méi modern Stécker.  Alex: Ass den Dirigent léif?  Zoé: Mir hunn eng Dirigentin! D’Emilie ass immens léif a kompetent! Hatt ass Gesangsproff am Conservatoire an der Stad.  Alex: Cool! Wéini prouft dir?  Zoé: Donneschdes owes vun 19.30 bis 21.30 an engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng. Zwee Mol d’Joer maache mir och Proufweekender a bereeden eis op eis Concerte vir.   Alex: Dat kléngt wierklech flott! Kann ech schonn den nächsten Donneschdeg laanschtkommen?  Zoé: Gär! Et feelen eis nach Männerstëmmen...!    Dialog Hobby: Fitness Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de Fränk virum Mikro. Fränk: Moien. Merci fir d'Invitatioun! Speakerin: Méchs du gär Sport? Fränk:  Jo! Ganz gär. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness. Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen? Fränk:  Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gär Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gär eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren. Speakerin: Ech verstinn. Wéi oft gees du dann? Fränk:  Ech hu leider net vill Zäit. Ech ka just zwee Mol d'Woch goen. Speakerin: Trainéiers du moies oder owes? Fränk:  Méindes fänkt mäin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fänken ech um 9:00 Auer moies un. Speakerin: Wéi laang dauert dann eng Seance? Fränk: Mäin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fäerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training. Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer. Fränk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainéiere mir de Réck, heiansdo d'Been, heiansdo d'Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen. Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend.  Fränk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gär. Dat ass gutt fir meng Gesondheet. Speakerin: Wat méchs du dann net gär um Training? Fränk: Ech lafen net gär um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gär mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen. Speakerin: Merci, fir deng Zäit! Äddi an nach vill Gléck! Fränk: Villmools Merci. Dat ass léif. Äddi.

NOW PLAYING

Hobbyen: Sangen a Fitness (A2)

0:00 3:57

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 14, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer  Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!