Iesspreferenzen (A1) an e Kommentar am Restaurant (A2) episode artwork

EPISODE · Mar 21, 2024 · 3 MIN

Iesspreferenzen (A1) an e Kommentar am Restaurant (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1). Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Iwwer Iessgewunnechte schwätzen Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder? Anna : Jo. Ech ernäre mech zanter dräi Joer vegan. Max : Wow ! Dann ëss du bestëmmt vill Uebst a Geméis. Anna : Jo. Ech iessen immens gär Geméis, zum Beispill Brokkoli a Spinat. Just Auberginnen a Champignonen iessen ech guer net gär. An du, ëss du och gär Geméis? Max : Nee, ech iesse guer net gär Geméis ! Ech iesse léiwer Fleesch, besonnesch Poulet a Rëndfleesch. Mee ech iesse kee Schwéngefleesch. Ëss du dann och kee Fësch? Anna : Nee. Ech iesse weeder Fleesch nach Fësch.  Max : Ëss du da Kéis oder Jughurt? Anna : Nee. Ech iesse keng Mëllechprodukter an och keng Eeër. Max : Ass dat da gesond? Anna : Jo, ech iesse jo vill aner Saache mat Proteinnen, zum Beispill Lënsen, Bounen an Tofu. An ech iesse ganz gär Uebst, virun allem Banannen, Äppel an Äerdbier. Max : O,  ech si leider allergesch op vill Uebst. Ech iessen dofir keng Äerdbier, keng Orangen a keng Kiwien. Anna : Dat ass awer schued. Hues du e Liblingsiessen? Max : Jo ech iesse ganz gär schaarf Saachen, zum Beispill Curry. Ëss du och gär schaarf? Anna : Jo, mee net ze schaarf. Ze vill Chilli hunn ech net gär. Max : Da kache mir eng Kéier zesummen e vegane Curry! Dat geet och ganz einfach mat Lënsen oder Tofu. Anna : Dat kléngt super! Dat maache mer! Am Restaurant : D’Iesse kommentéieren  Client 1: Wat sinn ech frou, datt mir haut den Owend net doheem kachen. An de Restaurant soll immens gutt sinn. En huet ganz gutt Rezensiounen.  Client 2: Ech hoffen! Ech si schonn hongereg. Komm ,mir drénken eisen Aperitif. Prost!   Client 1: Mmh, däi Bifdeck gesäit awer gutt aus. Client 2: Jo, ech hoffen e schmaacht och gutt an d’Fleesch ass zaart. Däi Curry richt awer och gutt. Gudden Appetit! Client 1: Gudden Appetit!   Client 1: Entschëllegt, ech hu kee Läffel, fir mäi Curry z’iessen. Ech hu just eng Forschett an e Messer. Client 2: An ech bräicht nach eng Zerwéit, wgl.! Meng ass leider knaschteg.    Client 2: An? Schmaacht et? Client 1: Net extra. Ech mengen, a mengem Plat ass Knuewelek dran, an ech hat extra ouni gefrot, ech si jo allergesch! An et ass vill ze schaarf! Pff … A wéi fënns du däin Iessen? Client 2: O, alt esou. De Bifdeck ass immens dréchen an zéi. D’Zooss ass och zimmlech fad, an d’Fritte sinn immens gesalzt.    Client 2: Wëlls de nach en Dessert? Client 1: Nee, hei bestellen ech näischt méi ausser d’Rechnung! Ech ginn och dës Kéier keen Drénkgeld, de Service war ze lues. Eng Stonn waarden, just fir e Curry an e Bifdeck!  Client 2: Ech sinn averstan. Entschëllegt, d’Rechnung wgl.!

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 21, 2024

Embed this episode

Ready to play

Iesspreferenzen (A1) an e Kommentar am Restaurant (A2)

0:00 3:50

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 21, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!