INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1) episode artwork

EPISODE · Aug 27, 2025 · 5 MIN

INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Geschwë sinn erëm Orientéierungsgespréicher am INLL. De 15. an de 16. September 2025 kënnt dir an den INLL kommen, an en Orientéierungsgespréich maachen. Dir schwätzt mat engem Lëtzebuergeschproff a gitt an e Cours orientéiert. Haut héiert dir, wat iech an esou engem Gespréich erwaart.Huelt iech äre Rendez-vous elo fir en Orientéierungsgespréich op MyINLL. -Transkript:Fir en Niveau orientéiert ginn S: Moien an häerzlech wëllkomm am INLL! Mäin Numm ass Sophie. Schwätzt Dir scho Lëtzebuergesch? L: Moien. Jo, e bëssen. S : Hutt Dir e Cours gemaach? L: Jo, en A1 Cours. S: Kënnt Dir iech e bësse presentéieren? L: Jo. Ech heesche Lucía an ech kommen aus Spuenien, vu Salamanca. Ech sinn hallef Spuenierin an hallef Argentinierin. Ech schwätze Spuenesch, Englesch, Franséisch an e bësse Lëtzebuergesch. Ëmm... Ech sinn 38 Joer al. Ech sinn den 3. Februar 1987 gebuer. ... Ech si bestuet an ech hunn zwee Kanner. De Moment schaffen ech net. Ëmm... S: Wat maacht Dir gär an Ärer Fräizäit? Wat sinn Är Hobbyen? L: A menger Fräizäit ech ginn...nee... A menger Fräizäit ginn ech gär schwammen. Ech maachen Aquagym an ech liese gär. S: Wéi oft maacht Dir dat?  L: Ech ginn ee Mol d’Woch an den Aquagym an ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Ech liesen all Dag. S: Ok, merci!  Presentéiert wannechgelift Är Dagesroutine vun engem normalen Dag chronologesch. Wat maacht Dir vu moies bis owes? Zum Beispill: Ech erwächen um sechs Auer. Duerno ginn ech an d’Dusch. Um siwen Auer... Duerno... etc. L: Ech erwächen ... um hallwer siwe moies. Duerno ech ... duerno ginn ech an d’Buedzëmmer. Um ... Véierel fir siwen erwächen ech meng Kanner. Mäi Mann preparéiert d’Moiesiessen. Ech hëllefen de Kanner. Ëmm... um siwen Auer ... drénke mir Kaffi.  Mäi Mann bréngt d’Kanner an d’Schoul an duerno fiert hien op d’Aarbecht. Ech schaffen de Moment net. Ech maachen de Stot an ... ech kachen d’Mëttegiessen. Ech gi meng Kanner an d’Schoul sichen. Mir iessen um 12 Auer zu Mëtteg.  Mëttes gi mir op d’Spillplaz oder mir spillen doheem. Mäi Mann kënnt um 18.30 heem. Mir iessen zu Owend. Duerno ginn d’Kanner schlofen. Mäi Mann an ech schwätzen zesummen a mir kucken d’Tëlee. Ech ginn ... um 22.30 Auer schlofen. Ech liesen e bëssen an duerno schlofen ech. S: Gutt! Merci! Jo, Dir hutt den Niveau A1. D’nächst Semester kënnt Dir den A2.1 ufänken. L: Merci! S: Ech erklären Iech déi administrativ Informatiounen awer elo op Franséisch oder Englesch, da verstitt Dir all déi wichteg Informatiounen. 

NOW PLAYING

INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1)

0:00 5:52

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on August 27, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Geschwë sinn erëm Orientéierungsgespréicher am INLL. De 15. an de 16. September 2025 kënnt dir an den INLL kommen, an en Orientéierungsgespréich maachen. Dir schwätzt mat engem Lëtzebuergeschproff a gitt an e Cours...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!