Iwwer Recycling schwätzen (B1) episode artwork

EPISODE · May 1, 2025 · 5 MIN

Iwwer Recycling schwätzen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Recycling A: Wou leien déi giel Tuten? B: Wéi eng giel Tuten? A: Ma déi fir de Plastik! B: Du mengs déi blo Tuten! A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An Däitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht. Kanns du mer wannechgelift erklären, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert? B: Natierlech! Mir hu véier verschidden Dreckskëschten. An déi schwaarz Dreckskëscht kënnt den Offall, deen een net recycléiere kann, wéi z.B. Iessreschter, ofgelafe Liewensmëttelen, Schierbelen, den Dreck aus dem Staubsauger, asw. . An eiser Gemeng gëtt déi schwaarz Dreckskëscht ee Mol d’Woch eidel gemaach. Genee wéi déi gréng. Déi gëtt och all Woch eidel gemaach. An déi gréng Dreckskëscht kënnt den natierlechen Offall, dat heescht: Gras, Blieder, Onkraut (ouni Buedem) aus dem Gaart an den Offall vun Uebst a Geméis. Hues du en Hond? A: Jo! De Lucky! B: Majo, dengem Hond säin Hondsdreck kënnt och doran. Aus all deem Offall kann herno Biogas hiergestallt ginn. Dat nennt ee gréng, also erneierbar an nohalteg Energie, a wa mer déi benotze kënnen, brauche mer keng fossil Energie, wéi Pëtrol, Äerdgas a Kuel! A: ‘t ass wouer! Ech muss vill méi dorop oppassen! Ech hu kee Gaart, mee ech hunn awer all Dag Uebst- a Geméisoffall... B: Jo, ech och... Dann...an déi blo Dreckskëscht kommen de Pabeier an de Kartong. Dës Poubelle gëtt bei eis ee Mol all zwou Wochen eidel gemaach. Dat ass nach net laang esou. Fréier ass se just ee Mol de Mount eidel gemaach ginn, mee dat geet elo net méi duer, well mir elo esou vill Artikelen um Internet bestellen, déi a Kartrongskëschte geliwwert ginn. A: Genee. B: Opgepasst: bei Pizzakartrongen soll een déi Deeler, wou Fett oder Tomatenzooss drop ass, net an déi blo Dreckskëscht geheien, mee an déi schwaarz! A: Ok! Du hues gesot, datt Schierbelen an déi schwaarz Poubelle kommen. Firwat kommen déi net an de Glascontainer? B: Jo, net all Glas ass d’selwecht. An déi brong Dreckskëscht kënnt Glas, wéi z.B. Gedrénksfläschen, Glieser, wou Zooss, Geméis, Gebeess oder sou dra war, Flaconen fir Kosmetik, mee keng Glieser, aus deenen een drénkt. Déi Schierbele kommen an déi schwaarz Dreckskëscht. Keramik a parzeläins Schierbele kommen och dodran. A: Ok. A wéi oft ginn déi brong Dreckskëschten eidel gemaach? B: Bei eis ee Mol de Mount. Ech weess awer net, ob dat an all Gemeng esou ass. Sou! Zousätzlech zu de véier Dreckskëschte gëtt et dann och nach d’blo Tuten. A: Fir de Plastik. B: Jo, mee net nëmme fir de Plastik. A: Wéi ech d’lescht Woch heemgaange sinn, stoungen d’blo Tute virun den Haiser an dunn hunn ech eng Multiprise an enger bloer Tut gesinn! Dat ass inakzeptabel! B: Watgelift?!? Dat geet dach net! A: Ma jo! B: Komm, mir kucken nach eng Kéier, wat alles an d’blo Tut kënnt. Wéi ass de Site? A: www.valorlux.lu B: Also... Verpackungen aus Plastik, wéi Gedrénksfläschen, Duschgel, Shampoing, asw., Wäsch- a Botzmëttelen, Becheren, Jughurtsdëppercher asw., plastiks Blummendëppen, Barquetten, d’Emballagë vu Sixpacken an Tuten. A: Mee, opgepasst: kee schwaarze Plastik! B: A jo! An net just Plastik! Och Verpackungen aus Metall, Dousen, Deckelen aus Metall an- A: -Käerzen?! B: Nee, dee klenge Becher aus Metall vun den Téiliichten. A: A, ok! B: Zum Schluss dann nach Gedrénkskartrongen, wéi Mëllech, Ram oder Jus. O Nee, ech gesi grad: Styropor kënnt net an d’blo Tut! Wéi penibel! Ech hunn de Leit, déi do schaffen, onnëtz Aarbecht gemaach... A: Gutt ze wëssen!  B: Wichteg ass och, datt een d’Verpackunge platt dréckt an ausser e puer Reschter solle se eidel sinn. Alles anescht gehéiert net an d’blo Tut. D'Valorlux-Tute ginn all zwou Wochen ofgeholl.A: Dat war vill Informatioun an et gëtt wierklech villes, wat ee recycele kann! B: Jo! Wann een net sou vill Plaz doheem huet, kann een dat alles natierlech och selwer an de Recyclingzenter féieren. 

NOW PLAYING

Iwwer Recycling schwätzen (B1)

0:00 5:45

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 1, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Recycling A: Wou leien déi giel Tuten? B: Wéi eng giel Tuten? A: Ma déi fir de Plastik! B: Du mengs déi blo Tuten! A: Sinn...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!