Iwwer Upcycling schwätzen (B1) episode artwork

EPISODE · May 22, 2025 · 3 MIN

Iwwer Upcycling schwätzen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Upcycling  A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder? B: Genee! Dat war fir mäi Stage an der Spillschoul. A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn? B: Jo, natierlech! Eppes, wat séier geet, ass en Tic-tac-toe aus Fläschendeckelen. Du mools d’Spill op e Stéck Kartrong vun enger aler Këscht a si kënnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en Häerz oder eppes Aneres. A: A, dat ass flott! Da fänken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks Fläschen… B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng Blummendëppen aus alen Dousen ze bastelen. Déi hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’Béchsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all Béchs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer Lächer an de Buedem schloen an da kënnt der d’Béchs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen... A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefält mer immens gutt! B: Merci! Aus ale Këschten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng Etagère, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus Müsli- a Cornflakeskëschten. Kuck, d’Stad, déi d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wéi eise Klassesall.  A: Mega! Do si jo och kleng Figuren! B: Genee, d’Persounen an d’Déiere sinn aus alen Toilettërulloen an och ganz einfach ze maachen. A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschäftegt a kënne kreativ sinn. B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufänken, Toilettërulloen ze sammelen. A: Haha! Allerdéngs! B: Wéi gefält der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt! A: Cool! B: Gesäis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn. A: O, ech fäerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published May 22, 2025

Embed this episode

Ready to play

Iwwer Upcycling schwätzen (B1)

0:00 3:31

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 22, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!